Gebuer den 2. Juni 1958, berufflech als Fluchlotsen aktiv, war de Camille Gira iwwer laang Jore politesch aktiv, lokal wéi och national. A sengen 23 Joer als Buergermeeschter vu Biekerech huet hien sech fir ëmweltfrëndlech Energien a Biergerbedeelegung engagéiert. National gouf hien no sengem Mandat als Deputéierten 2013 zum Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt ernannt ginn. Hien ass de 16. Mee 2018 bei enger Ried an der Chamber an d‘Gette gaangen, koum an d‘Klinik an ass do am Alter vu 59 Joer un engem Häerzversoe gestuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 8 Joer ass de Camille Gira gestuerwen
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min