De 27. Juni 1947 war den Tour de France fir eng éischte Kéier a senger Geschicht zu Lëtzebuerg. Et war dat Joer deen éischten Tour nom Zweete Weltkrich. Ugefaangen zu Paräis, goung d‘Course fir d‘éischt an Direktioun Norden, duerno iwwer d‘Belsch a Lëtzebuerg erof an d‘Alpen, laanscht d‘Mëttelmier, dunn iwwer d‘Pyrenäen an d‘Bretagne nees zeréck op Paräis. Et war déi 3. Etapp, déi vu Bréissel op Lëtzebuerg goung an hei op den Dag virun 79 Joer vum Italieener Aldo Ronconi gewonne gouf. Zum Schluss war zu Paräis de Fransous Jean Robic dee Séiersten am Tour 1947.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 79 Joer war den Tour de France eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg
Lauschteren
play_arrow
headphones
7 min