Ënner 68 agereechte Projeten huet sech 1958 ee Jury fir dee vun der haiteger Rouder Bréck decidéiert, de „Pont Grande-Duchesse Charlotte“. D‘Héichhaus um Kierchbierg, dat offiziell „Bâtiment Tour Alcide-De-Gasperi“ heescht, war mat 23 Stäck an enger Héicht vu 77 Meter laang Zäit dat eenzegt an héchst Gebai zu Lëtzebuerg. An d‘Robert-Schumann Monument, dat um Boulevard Robert Schuman virun der Rouder Bréck steet, erënnert un de franséische Politiker Robert Schuman, ee vun de Päpp vun der haiteger Europäescher Unioun.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Rout Bréck, Héichhaus a Robert-Schumann Denkmal viru 60 Joer ageweit
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min