Gebuer den 2. August 1874 zu Boufer war den Emile Reuter no sengen Droit-Etüden zu Stroossbuerg, Nanzeg a Paräis am Stater Barreau als Affekot ageschriwwen. Politesch aktiv, gouf hien 1911 eng éischte Kéier an d‘Chamber gewielt. Den Emile Reuter war e Grënnungsmember vun der Rietspartei wéi och nom Zweete Weltkrich President vun der CSV. A senger politesche Karriär war hie Staatsminister a Minister fir baussenzeg a bannenzeg Affären. Hien ass de 14. Februar 1973 am Alter vun 98 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 151 Joer koum den Emile Reuter op d'Welt
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min