Den 31. Mee 1910 koum den Henri Koch op d'Welt. Hie war nom Zweete Weltkrich wärend 30 Joer Direkter vum Escher Jongelycée. Politesch war den Henri Koch an der CSV engagéiert, war am Escher Gemengerot an och fir e puer Joer Deputéierten an der Chamber. Den Henri Koch ass de 15. Abrëll 1987 am Alter vu 76 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios