Den 19. Juli 1958 huet déi grouss Stonn vum Lëtzebuerger Charly Gaul am Tour de France geschloen. No 24 Etappen iwwer 4.319 Kilometer koum hien zu Paräis am Maillot Jaune un, konnt op dëser Editioun 4 Etappe gewannen, dovunner 3 Contre la montre. 1955 an 1960 gouf hien den Drëtten, 1955 a 1956 konnt hie sech den Trikot vum beschte Biergcoureur sécheren. A senger Karriär huet de Charly Gaul, deen de 6. Dezember 2005 verstuerwen ass, 10 Etappen am Tour de France gewannen. Wéinst sengen Exploiten an de Bierger krut hien den Numm “Ange de la Montagne“.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 67 Joer wënnt de Charly Gaul den Tour de France
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
Episoden
Virun 215 Joer koum den Emmanuel Servais op d'Welt
Lëtzebuerger Politiker an Auteur
Der Titanic hir éischt a lescht Rees
Den 10. Abrëll 1912 huet am englesche Southampton der Titanic hir éischt a lescht Rees ugefaangen.
Ermordung vum Martin Luther King Jr.
Haut (4.4.) op den Dag genee virun 58 Joer gouf de Martin Luther King Jr. erschoss.