De 5. Juli 1951 gouf beim Pôle Nord, oder besser gesot op der Bréisseler Plaz, déi éischt Verkéiersluucht zu Lëtzebuerg opgestallt. Déi weltwäit éischt, deemools nach eng Gasluucht, gouf am Dezember 1868 zu London a Betrib geholl, déi weltwäit éischt elektresch bedriwwe Verkéiersluucht am August 1914 zu Cleveland am US-Bundesstaat Ohio. Lues a lues koumen an Europa grouss Metropolen un den Tour, déi méi kleng Stied dunn eréischt vun den 1950er Joren un.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Viru 74 Joer éischt Verkéiersluucht zu Lëtzebuerg
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min