No Hiroshima hunn d‘USA den 9. August 1945 eng zweet Atombomm op Japan erofgeheit, déi Kéier op d‘Stad Nagasaki. Wéinst de staarke Wolleke gouf dës Bomm mam Numm Fat Man net wéi geplangt iwwer Kokura erofgeheit, mee iwwer der Waffefabrick vu Mitsubishi no bei Nagasaki. D’Explosioune vun der Atombommen hunn direkt eng 100.000 Mënscheliewe kascht. Un de Suitte si bis Enn 1945 weider 130.000 Mënsche gestuerwen. An den nächste Jore koumen der nach vill derbäi. Mat den Atombommen hunn d‘USA gehofft, datt Japan kapituléiere géif an esou d‘Liewe vu villen amerikaneschen Zaldote gerett kéint ginn. Japan huet offiziell den 2. September 1945 kapituléiert, esou datt vun do un den Zweete Weltkrich iwwerall eriwwer war.
arrow_back_ios
Dagdeeglech
Virun 80 Joer zweet Atombomm op Japan
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min