Retromania
Richard Attenborough: De Film war seng grouss Passioun
9 min
Mam Film "Gandhi" aus dem Joer 1982 huet sech de brittesche Cineast ouni Zweiwel e Monument fir Liewe gesat, aacht Oscare stinn am Palmarès vun dësem Film. De Richard Attenborough géif haut (28.8.) 100 Joer kréien, ass awer de 24. August 2014 kuerz virun sengem 91. Gebuertsdag gestuerwen.
Nieft senger Aarbecht als Regisseur wosst de Richard Attenborough och als Acteur an enge sëllege Filmer ze iwwerzeegen, a besonnesch zanter senger Roll als klengen, geckegen Dinosaurier-Ziichter am Spielberg sengem "Jurassic Park" am Joer 1997 gouf den Attenborough bei engem Millioune-Public uechtert d'ganz Welt bekannt. Mat wäit iwwer 100 Filmer hat de Richard Attenborough bis haut ewell a senger Karriär ze dinn, sief dat als Acteur, Regisseur oder Produzent.
De Centenaire vum Richard Attenborough ass derwäert iwwer dëse grousse Kënschtler ze schwätzen, mengt de Jean Claude Majerus.