Radioen

On air

Notturno  |  José González - Heartbeats

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Nico Wege: E Liewe fir den Drumset

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset

on the headlines

Eng Zäitrees zeréck bis an 1980er Joren an d'Zäit vun de Baler. Dat war och déi Zäit, wou zwou Cover-Bands fir gutt Stëmmung Land op Land of gesuergt hunn: Fascination an d'Challengers. Sécher interessant iwwer déi Zäit vun de grousse Baler ze schwätzen, mee net aus der Vue vun deenen, déi ënnen am Sall stoungen, ee Patt geholl oder gedanzt hunn, mee aus der Siicht vum Nico Wege, Drummer vu Fascination, Member an divers anere Bands an och Komponist.

De Jean Claude Majerus kuckt zeréck mat engem vun deene Museker, déi uewen op der Bün stoungen a bis an d'Nuecht eran alles ginn hunn.

Episoden

Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"

D'Stären- a Spëtze-Kächin ass Invitée.
Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, bekannt aus der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani", ass d'Invitée.
Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.
Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"

De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.
Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter

Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter

Zanter 2015 ass den Invité schonn Direkter vum Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer, deem regionale Kulturzenter .
Guy Engels: Et war eng schéin Zäit

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit

De Guy Engels geet no 18 Joer als Responsabelen vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7 an d'Pensioun.
Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.
Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.
Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"

D'Artistin ass d'Inivtée beim Jean Claude Majerus bei "Sot emol"
Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"

No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen
Jean Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt

Jean Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt

Den Dokter Leners ass den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol" an erzielt eis vun sengen humanitäre Missioun an wéi en dat erlieft huet.
Anja Di Bartolomeo: En engagéierte Mënsch

Anja Di Bartolomeo: En engagéierte Mënsch

Dir gitt gewuer, wien de Mënsch ass, deen hanner der Schrëftstellerin an engagéierter Fra stécht.
Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.
Colette Flesch: Eng iwwerzeegten Europäerin

Colette Flesch: Eng iwwerzeegten Europäerin

Eng Politikerin duerch an duerch, jorelaang Deputéiert um Krautmaart, Stater Buergermeeschtesch, ë. a. Ausseministesch, Parteipresidentin an Europadeputéiert
Esther Conter: "Ech sinn e Gefillsmënsch"

Esther Conter: "Ech sinn e Gefillsmënsch"

D'Actrice, also d'Musical-Actrice, Sängerin, Gesangspedagogin, Achtsamkeits- a Meditatiounsenseignante an och Songwriterin ass d'Invitée.
Guy Geimer: Theater ass de Wee bei d'Fantasie

Guy Geimer: Theater ass de Wee bei d'Fantasie

Den Acteur, Regisseur an Auteur, deen besonnesch och am Amateurtheater doheem ass, steet dem Jean Claude Majerus Ried an Äntwert.
Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefaangen

Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefaangen

De Lëtzebuerger Acteur a Passionéierte vun Theater a Film ass den Invité.
Ritchie Rischard: D'Musek an den Hues Cäsar

Ritchie Rischard: D'Musek an den Hues Cäsar

De Museksredakter an Expert an Auteur vund e Bicher rodnerëm den Hues Cäsar ass den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
Danielle Hennicot: D'Braatsch an zäitgenëssesch Musek

Danielle Hennicot: D'Braatsch an zäitgenëssesch Musek

D'Braatschistin a Matgrënnerin vum Ensembel United Instruments of Lucilin ass Invitée.
Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"

Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"

D'Lëtzebuerger Actrice, déi aktuell fest um Berliner Ensembel zu Berlin schafft, ass d'Invitée.