Sot emol
Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist
56 min

Wann ee vun der Ästhetik vum Bild schwätzt, da kënnt ee ganz sécher net laanscht de Yann Arthus-Bertrand, e franséische Fotograf, dee sech e groussen Numm gemaacht huet, besonnesch mat Biller vun Déieren an och Biller vun eiser Äerd, eisem Planéit. A besonnesch eise Planéit läit him um Häerz, an hie weist scho Joerzéngte laang mam Fanger op eng Wonn, déi ëmmer méi grouss gëtt.
Mat senge Biller a senge Filmer weist de Yann Arthus-Bertrand op där enger Séit wéi schéin, wéi beréierend eis Welt ass, seng Biller ginn engem net nëmmen an de Kapp, mee riicht an d'Häerz. Mee op där anere Säit weist hien och, wat Mënschen mat eiser Welt maachen: d'Mënschheet ass amgaang déi schéi Plaz, déi mir kritt hunn einfach futti ze maachen, a wa mir net ufänken uecht ze dinn, ëmzedenken an eis bewosst ze ginn, wat mir maachen, dann ass et ze spéit, dann ass et eriwwer, an et fänkt hoffentlech nees vu vir un. Mee dat ouni de Mënsch, well dee gëtt et dann net méi.
De Yann Arthus-Bertrand war op Invitatioun vun der ONG Friendship Luxembourg hei zu Lëtzebuerg fir säi Film "Legacy, notre heritage" ze presentéieren. Legacy ass e Film, mat deem de Yann Arthus-Bertrand op säi Liewen a virun allem seng Aarbecht als Fotograf zeréckkuckt.
An dat mécht de Jean Claude Majerus mam Yann Arthus-Bertrand am Gespréich.
Episoden

Dominique Santana: Konscht a Geschicht
D'Historikerin a Cineastin Dominique Santana ass d'Invitée.

Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"
En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.

Frank Maas: Den Auto, eng Passioun
De Frank Mass schafft schonn zanter iwwer 30 Joer beim ACL, dem Automobilclub, dat heescht zanter iwwer 30 Joer steet bei him den Auto a soss Gefierer am Mëttelpunkt.

Paul Kirps: Artist a Grafik-Designer
Dem Kënschtler seng Wierker sinn an de Kollektioune vum MUDAM, vum Museum für Gestalltung zu Zürech an och vum ganz renomméierte MoMA.
Jean-Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt
Den Dokter erzielt vu sengen humanitäre Missiounen op Plazen, wou d'Gesondheetsversuergung net garantéiert ass, a wéi hien dat erlieft huet.
Mirka Costanzi: Kreativitéit mat enger sozialer Approche
D'Invitée ass Assistante sociale an Theaterpädagogin.

Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg
De Nilton Martins ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.

Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien
d'Psychologin, Önologin an Clown Laurence ass Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"

Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen
Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.

Mirka Costanzi: Kreativitéit mat enger sozialer Approche
D'Invitée ass Assistante sociale an Theaterpädagogin.
Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefaangen
De Lëtzebuerger Acteur a Passionéierte vun Theater a Film ass den Invité.

Esther Conter: "Ech sinn e Gefillsmënsch"
D'Actrice, also d'Musical-Actrice, Sängerin, Gesangspedagogin, Achtsamkeits- a Meditatiounsenseignante an och Songwriterin ass d'Invitée.

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset
Eng Rees mam Drummer, Museker a Komponist zeréck an d'Zäit vun de grousse Baler mat der bekannter Cover-Band Fascination

Irina Holzinger
D'Sängerin a Songwriterin ass d'Invitée.

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"
De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"
D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller
"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"
No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset
Eng Rees mam Drummer, Museker a Komponist zeréck an d'Zäit vun de grousse Baler mat der bekannter Cover-Band Fascination
Buffalo C. Wayne
De Lëtzebuerger Country- a Western-Museker Buffalo C. Wayne kuckt zeréck op seng 40-järeg Karriär an huet och en neien Album matbruecht.

Irina Holzinger
D'Sängerin a Songwriterin ass d'Invitée.

Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"
Den Acteur a Festivaldirekter Steve Karier ass Invité.

Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat
E Cyclist, dee fotograféiert oder e Fotograf, dee Vëlo fiert, ass bestëmmt net falsch, wann et ëm den Invité hei geet.
Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"
De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio.
Jean-Guillaume Weis: De Kierper am Déngscht vun der Expressioun
Den Dänzer a Choreograf erzielt iwwer säi Liewen als Dänzer.
Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"
De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"
De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.
