Sot emol
Guy Engels: Et war eng schéin Zäit
68 min

Zanter 18 Joer de Guy Engels de Responsabele vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7. Mä wéi seet een, wann et am Schéinsten ass, soll een ophalen. An fir de Guy Engels ass et elo esouwäit. No 18 Joer um radio 100,7 a vidru war e scho jorelaang als Journalist am "Wort" mat derbäi, rifft elo d'Pensioun.2005 ass de Guy Engels bei de radio 100,7 komm, wou en de Marco Battistella als Responsabel fir d'klassesch Musek ersat huet. Mä et war schonn eng Erausfuerderung aus der geschriwwener Zeitung bei de geschwatene Radio ze kommen. De Guy Engels kuckt mat Zefriddenheet op déi Joren um radio 100,7 zeréck, well et eng spannend Zäit war, wou ee quasi all Dag eppes bäi geléiert huet. Dem Guy Engels gëtt et och an der Pensioun bestëmmt net langweilen, well en huet nämlech nieft der Musek nach eng aner Passioun, en ass Modelleisebunner. De Jean Claude Majerus huet de Guy Engels a seng Emissioun "Sot emol" invitéiert, fir mat him zesummen op déi schéin Zäit um radio 100,7 zeréck ze kucken, an de Guy Engels schwätzt och iwwert eng aner grouss Passioun déi e nieft der Musek huet.
Episoden

Dominique Santana: Konscht a Geschicht
D'Historikerin a Cineastin Dominique Santana ass d'Invitée.

Richard Stephany: "Ein junger Luxemburger in NS-Haft"
En historescht a ganz perséinlecht Buch iwwer dem Joseph Stephany seng Erliefnesser wärend dem Zweete Weltkrich, geschriwwe vu sengem Fils.

Frank Maas: Den Auto, eng Passioun
De Frank Mass schafft schonn zanter iwwer 30 Joer beim ACL, dem Automobilclub, dat heescht zanter iwwer 30 Joer steet bei him den Auto a soss Gefierer am Mëttelpunkt.

Paul Kirps: Artist a Grafik-Designer
Dem Kënschtler seng Wierker sinn an de Kollektioune vum MUDAM, vum Museum für Gestalltung zu Zürech an och vum ganz renomméierte MoMA.
Jean-Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt
Den Dokter erzielt vu sengen humanitäre Missiounen op Plazen, wou d'Gesondheetsversuergung net garantéiert ass, a wéi hien dat erlieft huet.
Mirka Costanzi: Kreativitéit mat enger sozialer Approche
D'Invitée ass Assistante sociale an Theaterpädagogin.

Nilton Martins: Lëtzebuerg-Paräis-Lëtzebuerg
De Nilton Martins ass déi Kéier den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.

Laurence Duhr: Wäibau, Psychologie a Clownereien
d'Psychologin, Önologin an Clown Laurence ass Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"

Fabienne Hollwege: Ëmmer op fir nei Erausfuerderungen
Musekerin, Schauspillerin, Sängerin, Schrëftstellerin, Kënschtlerin, Enseignante, alles dat passt op d‘Invitée.

Mirka Costanzi: Kreativitéit mat enger sozialer Approche
D'Invitée ass Assistante sociale an Theaterpädagogin.
Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefaangen
De Lëtzebuerger Acteur a Passionéierte vun Theater a Film ass den Invité.

Esther Conter: "Ech sinn e Gefillsmënsch"
D'Actrice, also d'Musical-Actrice, Sängerin, Gesangspedagogin, Achtsamkeits- a Meditatiounsenseignante an och Songwriterin ass d'Invitée.

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset
Eng Rees mam Drummer, Museker a Komponist zeréck an d'Zäit vun de grousse Baler mat der bekannter Cover-Band Fascination

Irina Holzinger
D'Sängerin a Songwriterin ass d'Invitée.

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"
De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"
D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller
"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.

Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"
No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset
Eng Rees mam Drummer, Museker a Komponist zeréck an d'Zäit vun de grousse Baler mat der bekannter Cover-Band Fascination
Buffalo C. Wayne
De Lëtzebuerger Country- a Western-Museker Buffalo C. Wayne kuckt zeréck op seng 40-järeg Karriär an huet och en neien Album matbruecht.

Irina Holzinger
D'Sängerin a Songwriterin ass d'Invitée.

Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"
Den Acteur a Festivaldirekter Steve Karier ass Invité.

Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat
E Cyclist, dee fotograféiert oder e Fotograf, dee Vëlo fiert, ass bestëmmt net falsch, wann et ëm den Invité hei geet.
Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"
De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio.
Jean-Guillaume Weis: De Kierper am Déngscht vun der Expressioun
Den Dänzer a Choreograf erzielt iwwer säi Liewen als Dänzer.
Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"
De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"
De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.
