Sot emol
Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"
51 min
![on the headlines](/legacy/images/12835/image-thumb__12835__base_thumbnail/Tommy%20Schlesser.5b3e0c6d.jpg)
Den Tommy Schlesser ass e Schauspiller, fir deen et am Filmgeschäft richteg gutt leeft. Zum Beispill ass hien an der zweeter Staffel vu "Capitani" ze gesinn - eng Serie, déi un Netflix verkaf gouf.
Am Kino stoung hien op der Affiche vun der spuenesch-lëtzebuergescher Koproduktioun "Lemon and Poppy Seed Cake". D'lescht Joer war hien zu Cannes um rouden Teppech fir de Film "Rebel" vum Adil El Arbi an Bilall Fallah, wou hien en IS-Kämpfer spillt.
An hie spillt och a "Läif a Séil" vum Loïc Tanson, an hie freet sech drop, wann "Die Bergretter" beim ZDF gewise ginn, um klengen Ecran, do wou Villes fir hien ugefaangen huet, notamment an Tëleesproduktioune vu Rosamunde Pilcher, oder "Das Traumschiff".
Den Tommy Schlesser huet schonn als Bouf mat sengem eelere Brudder Emile éischt kleng Filmer gedréit, de Fonke vun der Magie vun der Kamera ass jonk bei him eriwwer gesprongen. Dat, obwuel hien aus enger Famill vu Juriste kënnt. Säin Urgrousspapp, Grousspapp a Papp hunn dee Beruff ausgeüübt, an obwuel den Tommy Schlesser deen och ugehaangen huet, andeems hien Droit studéiert huet, ass hie séier nees vu senger Passioun dem Kino ugezu ginn.
Eigentlech wollt hien 2012 op Köln op d'Film Acting School goen, mee du krut hie seng éischt Roll ugebueden an der Lëtzebuerger Sitcom "Comeback". Dat war säin Debut. Säi Studium huet hien trotzdeem duerchgezunn, net zu Köln, mee zu Los Angeles.
2013-2014 hat hie seng eege Sketch-Comedy Serie "Wat Elo?" fir RTL Télé Lëtzebuerg, wou hien an circa 100 kuerzen Episoden zesumme mat sengem Brudder Émile Schlesser opgetrueden ass.
2015 war den Tommy Schlesser an enger Gaaschtroll an der däitscher RTL-Serie "GZSZ" als Austauschstudent Eike Habicht ze gesinn.
Am Kuerzfilm "Long Lost", deen als beschte Kuerzfilm beim Max Ophüls Preis nominéiert war, hat de Schlesser d'Roll vun engem jonke Strummert mat krimineller Vergaangenheet. 2018 war hien am lëtzebuergesche Kinosfilm "Superjhemp Retörns", nieft der Julie Kieffer an der Désirée Nosbusch ze gesinn.
Am Februar 2022 du fir vill Persounen e laang erwaarte Moment. Déi zweet Staffel vu "Capitani", an där hien d'Roll vun engem Drogeboss spillt.
D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.
Episoden
![Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"](/legacy/images/9160/image-thumb__9160__base_thumbnail/Foto%20Raoul%20Migliosi.6c086000.jpg)
Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"
De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.
![Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter](/legacy/images/9085/image-thumb__9085__base_thumbnail/J%C3%A9r%C3%B4me%20konen.95dd4800.jpg)
Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter
Zanter 2015 ass den Invité schonn Direkter vum Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer, deem regionale Kulturzenter .
![Guy Engels: Et war eng schéin Zäit](/legacy/images/8095/image-thumb__8095__base_thumbnail/Guy%20Engels-2.7630292a.jpg)
Guy Engels: Et war eng schéin Zäit
De Guy Engels geet no 18 Joer als Responsabelen vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7 an d'Pensioun.
![Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller](/legacy/images/7093/image-thumb__7093__base_thumbnail/Timo%20Wagner.48e37e36.jpg)
Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller
"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.
![Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist](/legacy/images/4429/image-thumb__4429__base_thumbnail/Yann%20Arthus-Bertrand.1b25801e.jpg)
Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist
Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.
![Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"](/legacy/images/6301/image-thumb__6301__base_thumbnail/yvette.2d3df46d.jpg)
Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"
D'Artistin ass d'Inivtée beim Jean Claude Majerus bei "Sot emol"
![Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"](/legacy/images/6229/image-thumb__6229__base_thumbnail/Foto%20Christiane%20Kremer.7c6ae86a.jpg)
Christiane Kremer: "D'Langweil ass de Luxus vun de Gestressten"
No iwwer 35 Joer Presenz op den RTL-Antennen ass d'Christiane Kremer an d'Pensioun gaangen, ouni awer manner aktiv ze sinn. E Gespréich iwwer e räicht Radiosliewen
![Jean Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt](/legacy/images/5353/image-thumb__5353__base_thumbnail/Dr%20Jean%20Claude%20Leners.0382b9db.jpg)
Jean Claude Leners: D'Hëllef steet am Mëttelpunkt
Den Dokter Leners ass den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol" an erzielt eis vun sengen humanitäre Missioun an wéi en dat erlieft huet.
![Anja Di Bartolomeo: En engagéierte Mënsch](/legacy/images/5512/image-thumb__5512__base_thumbnail/Anja.bf5c5f44.jpg)
Anja Di Bartolomeo: En engagéierte Mënsch
Dir gitt gewuer, wien de Mënsch ass, deen hanner der Schrëftstellerin an engagéierter Fra stécht.
![Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist](/legacy/images/4429/image-thumb__4429__base_thumbnail/Yann%20Arthus-Bertrand.1b25801e.jpg)
Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist
Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.
![Colette Flesch: Eng iwwerzeegten Europäerin](/legacy/images/4561/image-thumb__4561__base_thumbnail/Colette%20Flesch.8d2e809c.jpg)
Colette Flesch: Eng iwwerzeegten Europäerin
Eng Politikerin duerch an duerch, jorelaang Deputéiert um Krautmaart, Stater Buergermeeschtesch, ë. a. Ausseministesch, Parteipresidentin an Europadeputéiert
![Esther Conter: "Ech sinn e Gefillsmënsch"](/legacy/images/19111/image-thumb__19111__base_thumbnail/Esther%20Conter.ece6c9d7.jpg)
Esther Conter: "Ech sinn e Gefillsmënsch"
D'Actrice, also d'Musical-Actrice, Sängerin, Gesangspedagogin, Achtsamkeits- a Meditatiounsenseignante an och Songwriterin ass d'Invitée.
![Guy Geimer: Theater ass de Wee bei d'Fantasie](/legacy/images/62626/image-thumb__62626__base_thumbnail/Foto%20Guy%20Geimer.c44b0170.jpg)
Guy Geimer: Theater ass de Wee bei d'Fantasie
Den Acteur, Regisseur an Auteur, deen besonnesch och am Amateurtheater doheem ass, steet dem Jean Claude Majerus Ried an Äntwert.
![Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefaangen](/legacy/images/84088/image-thumb__84088__base_thumbnail/Foto%20Raoul.87cbca80.jpg)
Raoul Schlechter: Mam Riddo huet et ugefaangen
De Lëtzebuerger Acteur a Passionéierte vun Theater a Film ass den Invité.
![Ritchie Rischard: D'Musek an den Hues Cäsar](/legacy/images/84361/image-thumb__84361__base_thumbnail/IMG_7093.3441feda.jpg)
Ritchie Rischard: D'Musek an den Hues Cäsar
De Museksredakter an Expert an Auteur vund e Bicher rodnerëm den Hues Cäsar ass den Invité beim Jean Claude Majerus an der Emissioun "Sot emol"
![Danielle Hennicot: D'Braatsch an zäitgenëssesch Musek](/legacy/images/83635/image-thumb__83635__base_thumbnail/Danielle%20Hennicot%284%29.45e3762d.jpg)
Danielle Hennicot: D'Braatsch an zäitgenëssesch Musek
D'Braatschistin a Matgrënnerin vum Ensembel United Instruments of Lucilin ass Invitée.
![Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"](/legacy/images/80740/image-thumb__80740__base_thumbnail/Claude%20de%20Demo.e27d9148.jpg)
Claude De Demo: "Op Lëtzebuergesch sinn ech Ech"
D'Lëtzebuerger Actrice, déi aktuell fest um Berliner Ensembel zu Berlin schafft, ass d'Invitée.
![Luisa Bevilacqua: "Ech sinn Erzielerin"](/legacy/images/83068/image-thumb__83068__base_thumbnail/Luisa%20Bevilacqua.98ae2b4a.jpg)
Luisa Bevilacqua: "Ech sinn Erzielerin"
D'Invitée ass Erzielerin, Actrice a Kënschtlerin a si huet Formatiounen an deene verschiddensten artistesche Genrë gemaach.
![Colette Flesch: Eng iwwerzeegten Europäerin](/legacy/images/4561/image-thumb__4561__base_thumbnail/Colette%20Flesch.8d2e809c.jpg)
Colette Flesch: Eng iwwerzeegten Europäerin
Eng Politikerin duerch an duerch, jorelaang Deputéiert um Krautmaart, Stater Buergermeeschtesch, ë. a. Ausseministesch, Parteipresidentin an Europadeputéiert
![Brigitte Urhausen: "D'Bün war ëmmer Menges"](/legacy/images/26129/image-thumb__26129__base_thumbnail/Brigitte%20Urhausen.4784f788.jpg)