Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Initiativen

Initiativen

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

De Produzent a Multi-Instrumentalist aus Beyrouth Charif Megarbane ass inspiréiert vun de Soundtrack-Komponiste wéi z. B. engem François de Roubaix, der library music aus de 60er a 70er Joren, awer och nach vun engem Fela Kuti, der psychedelescher Musek ë. a. Hei héiere mir e Virgeschmaach op säin neien Album "Marzipan".

A wa mir scho beim Berliner Reissue-Plackelabel Habibi Funk sinn, da verdanke mir och dësem d'Publikatioun vun enger rarer Pärel aus de 70er: dem libanesesche Singer-Songwriter a Gittarist Rogér Fakhr seng Kompositiounen, déi de Label festgehale huet um Album "Fine Anyway". 17 Titele vum Rogér Fakhr, dorënner e puer Inediten, opgeholl tëschent Beyrouth a Paräis an de 70er Joren. E Folk-Bijou, deen déi Zäit per Hand op ëm déi 200 Kassette kopéiert gouf.

Si huet mat Museker:inne wéi engem/r Pharaoh Sanders, Charlie Haden, Lauryn Hill, John Legend, oder The Roots zesummegeschafft. Déi New-Yorker Harfistin Brandee Younger entdecke mir hei mat hirem neien Album "Brand New Life".

Nach e weidere Virgeschmaach op en neien Album, deen am August erauskomme soll, ass dem excellente kubanesche Pianist Harold López-Nussa säin "Timba a la Americana".

Decouverte dës Kéier ass en neien Album, deen als Ausgangspositioun d'Theema vun der Immigratioun huet. D'Artistin Melanie De Biasio huet sech engem Deracinnement an enger Retraite ausgesat fir besser fillen, noempfannen ze kennen ... "Il Viaggio" gëtt fir den 13 Oktober ugekënnegt.

Eng weider Aktualitéit ass déi vum Paräisser Kollektiv Cotonete mam Album "Victoire de la Musique", deen de 6. Juni erauskoum. Dësem Kollektiv vu Museker-Frënn ass et wichteg de Live-Feeling vum brasilianeschen Jazz-Funk aus de 70er oder dee vun engem Herbie Hancock opliewen ze loossen. Si hu laang gewaart, éier si hire Groove och op Disk festgehale hunn. Et erwaart eis en hypnoteschen Jazz-Funk Maelström.

Playlist:


Charif Megarbane - Souk el Ahad - Marzipan
Rogér Fakhr - Everything You Want - Fine Anyway
James Gang - Ashes the Rain and I - Rides Again
Kronos Quartet & Laurie Anderson - Our Street Is a Black River - Landfall
Brandee Younger - Running Game - Brand New Life
Harold López-Nussa - Funky - Timba a la Americana
Nora Kamm - Cœur (feat. Nguyên Lê) - One
Wolfgang Haffner - Libertango (feat. Ulf Wakenius, Sebastián Studnitzky & Vincent Peirani) - Kind of Tango
Melanie De Biasio - We Never Kneel To Pray - Il Viaggio
Adam Baldych & Yaron Herman - June - The New Tradition
Dhafer Youssef - Street of Minarets (feat. Ambrose Akinmusire, Nguyên Lê, Dave Holland, Adriano Tenorio DD & Vinnie Colaiuta) - Street of Minarets
Leron Thomas & Cotonete - Day In Day Out - Day In Day Out
ARIFA - Dream Keeper - Secret Poetry

Musek

Episoden

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow

Together

Op der Spuer vun engem Artist a Weltenbummler, en Italieener, deen Jamaika zu senger Walheemecht gemach huet an e puer interessant Kollaboratiounen
headphones

58 min

play_arrow

Tribal Beats

Vill Rhythmus a ganz present Drums bei One World haut, en a seng Eenzeldeeler zerluechte Flamenco an e Retour en Force vun enger Band aus Zambia.
headphones

61 min

play_arrow

The New Tradition

Spannend Kollaboratiounen tëschent Museker aus verschiddene Kulturen, eng Stëmm voll Kraaft vum zäitgenëssesche britteschen R&B an e Retour a vergaangen Zäiten.
headphones

55 min

play_arrow

On The Road I

Sonneg Latino Kläng, déi d’Wolleke verdreiwen, Singer-Songwriting, dee Geschicht geschriwwen huet, a Musek fir ze dreemen oder ze chillen.
headphones

56 min

play_arrow

sunny side up

Musek fir ze chillen, Rhythmen aus dem waarme Süden, walisesch Traditiounen nei interpretéiert an eng virtuos Zitar
headphones

56 min

play_arrow

Desert Blues

Ishumar Musek, déi op Lëtzebuerg kennt, eng Decouverte aus Pakistan, alternative Folk aus Wales …
headphones

61 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow