Retromania
Nina Simone: Eng Ikon vun der Jazz- a Soulmusek
8 min
Déi amerikanesche Jazz- a Soulmusek huet den 21. Abrëll 2003, viru ronn 20 Joer also, eng vun hire grousse Stëmme verluer. D'Nina Simone ass am Alter vun 70 Joer an hirem Haus a Südfrankräich gestuerwen.
Nina Simone huet sech hiert ganz Liewe laang nieft hirem musikaleschen Talent ëmmer ganz staark am Anti-Rassismus-Mouvement an den USA engagéiert. Si hat e speziellen Charakter an ee stuere Kapp, méi wéi emol huet si Concerten ofgesot, ouni weider Grënn ze nennen.
Mëtt den 1970er Joren ass d'Nina Simone aus den USA fortgaangen, well d'Ikon vun der Soulmusek der Meenung war, datt d'USA hir artistesch Aarbecht manner appreciéiere géifen, wéi d'Mënschen an Europa oder soss op der Welt.
De Pit Walté erënnert haut bei Retromania un d'Nina Simone mat hirer ouni Zweiwel aussergewéinlecher Stëmm.