Radioen

On air

Europawalen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen. De Lewis huet iwwer 80 Albumen opgeholl, fënnef Goldplacke an dräi Grammy Awards a senger Karriär. Dem Lewis säin éischten Duerchbroch war mat senger poppeger instrumentaler Interpretatioun vum Lidd "The In Crowd" vun 1965. Mat där Single war hien ee vun den erfollegräichsten Jazzpianiste vun den USA. No senge klasseschen akusteschen Albumen an den 1960er Jore mam Ramsey Lewis Trio, bei deem och de Maurice White zäitweis derbäi war, wollt de Lewis an de 1970er an eng nei musikalesch Richtung goen. Mëtt vun de 70er huet hie sech nees mam Maurice White zesummegedoen, deen deemools mat senger eegener Band Earth, Wind & Fire ënnerwee war. Fir den Album "Sun Goddess" spille Membere vun Earth, Wind & Fire d'Musek, wärend de Philip Bailey Gesang bäigefüügt huet. Den Album gouf e grousse Crossover Hit, deen et op Plaz 1 vun de Billboard R&B an Jazz Album Charts gepackt huet. A mam Lidd "Sun Goddess" huet hien et souguer an d'R&B-, Pop- an Disco-Charts gepackt. "Sun Goddess" gouf kuerz drop Gold zertifiéiert. Jorelaang war d'Identitéit vun der Fra um Albumcover, fotograféiert vum Herb Breuer, e Rätsel bei de Fans, well et kee Kredit um Albumcover gouf. De Lewis huet op senger Facebook-Säit am Juni 2011 verroden, datt et de Model Susan Leigh Scott war.

D'Lidd "Tambura" gouf eng gutt Dose Mol am Hip-Hop gesampelt, ënner anerem vum mëttlerweil weltbekannte Produzent El-P vun der Grupp Run The Jewels. Fréier hat de gudde Mann eng Grupp, déi Company Flow geheescht huet, a si waren an den 90er Leader fir alles, wat underground Hip-Hop zu New York ugeet. Si haten e puer Hits um Label Rawkus, zum Beispill "Patriotism" oder "End To End Burners". Company Flow huet 1999 och een Instrumentalen Album erausbruecht, deen huet "Little Johnny From the Hospitul" geheescht. Do war d'Lidd "Linoleum" drop, dat dem Lewis säin "Tambura" sampelt.

Mr. Complex hat och ëm déi Zäit ee méi klengen Hit am Underground mat sengem minimalistesche "Visualize" op sengem Album "The Complex Catalog" am Joer 2000.

E lescht Beispill ass den Ex-Beatboxer vu The Roots, de Rahzel. Hie benotzt och déi éischt Nout vum Lewis sengem Lidd fir säin "Bubblin, Bubblin" doraus ze maachen. Dat war op sengem Album "Make the Music 2000" vum Joer 1999.

Musek

Episoden

Soft Machine - Drop

Soft Machine - Drop

Soft Machine ass eng englesch Band vun 1966. Hire Sound geet vu progressivem Rock bis Jazz Fusion. 1972 kënnt hire fënneften Album eraus mam Titel "5".
headphones

11 min

play_arrow
Brick - Dazz

Brick - Dazz

"Good High" ass deen éischten Album vun der Grupp Brick, 1976 bei Bang Records erauskomm.
headphones

9 min

play_arrow
Bernard Wright - Who Do you Love

Bernard Wright - Who Do you Love

Den Bernard Wright bréngt 1985 dëst wonnerbaart Lidd eraus um Album "Mr. Wright". Hien huet viru senger Solokarriär mat Leit wéi Miles Davis oder Cameo opgeholl.
headphones

9 min

play_arrow
Al Green - Let's Stay Together

Al Green - Let's Stay Together

Den Al Green huet seng Gesangskarriär am Alter vun néng Joer ugefaangen als Member vun der Gospelgrupp vu sengem Papp, de Green Brothers.
headphones

7 min

play_arrow
The O'Jays - For the Love of Money

The O'Jays - For the Love of Money

Déi amerikanesch R'n'B Grupp aus Ohio bréngt d'Lidd 1974 eraus.
headphones

12 min

play_arrow
Taana Gardner - Heartbeat

Taana Gardner - Heartbeat

1981 erauskomm an eng vun deene beschte Pop-Single vun den 80er Joren
headphones

7 min

play_arrow
David Axelrod - The Sign

David Axelrod - The Sign

Den David Axelrod kënnt vu Los Angeles a gouf dacks gesampelt. Hie war eigentlech Soundtechniker an huet vill Gruppen opgeholl.
headphones

7 min

play_arrow
Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

De Mulatu Astatke ass e bunnbriechende Museker, deen 1945 an Äthiopie gebuer gouf.
headphones

6 min

play_arrow
Joe Tex - Papa Was Too

Joe Tex - Papa Was Too

De Joe Tex war en amerikaneschen Sänger, deen e puer vun de gréisste Soulhits geschriwwen huet.
headphones

5 min

play_arrow
Tom Tom Club - Genious of Love

Tom Tom Club - Genious of Love

Déi zweet Maxi vum éischten Album vun Tom Tom Club koum 1981 eraus. Den Album huet och "Tom Tom Club" geheescht an ass eng puer Goldgrouf u Samplen.
headphones

10 min

play_arrow
Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

1963 kënnt den historeschen Hindi Film "Taj Mahal" mam Lidd "Chandhi Ka Badan" eraus, ausserhalb vun Indie gréisstendeels onbekannt, mee als Bollywood Musical e grousse Succès.
headphones

37 min

play_arrow
Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dem Soul an R&B Sänger säi gréissten Hit (1984) als Solo-Artist
headphones

9 min

play_arrow
Al Green - I'm Glad You're Mine

Al Green - I'm Glad You're Mine

Ee vun den bekanntsten Drum Loops aus dem Hip-Hop, 1972 erauskomm, staamt vum Al Green, Soul- an Gospel Sänger.
headphones

8 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow
Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Mir sinn nees am Bollywood vun de 70er Joren a schwätzen iwwer d'Musek vum Film "Dharmatma".
headphones

8 min

play_arrow
The Ambassadors - Ain't Got The Love

The Ambassadors - Ain't Got The Love

The Ambassadors waren eng Grupp vun den Enn 60er, déi representativ fir de Philly Soul Sound waren.
headphones

6 min

play_arrow
Roy Ayers - The Memory

Roy Ayers - The Memory

De Roy Ayers ass ee vun de bekanntste Vibrafonisten zanter den 1960er Joren. Säi Ruff ass dee vun engem Prophéit vum Jazz-Funk an Acid Jazz, e Mann, Jore viru senger Zäit.
headphones

8 min

play_arrow
Incredible Bongo Band - Apache

Incredible Bongo Band - Apache

Niewent dem Think-Break an dem Amen-Break, ass den Apache-Break eng vun den beléiftste Perkussiounen am Hip-Hop.
headphones

9 min

play_arrow
Donald Byrd - Wind Parade

Donald Byrd - Wind Parade

Den Donald Byrd gouf als ee vun de beschten Trompettisten vu senger Zäit ugesinn. Vu Mëtt de 50er bis Mëtt 60er huet hie vill opgeholl, meeschtens fir Blue Note.
headphones

10 min

play_arrow