Radioen

On air

Thé Dansant  |  Brenda George - What You See Is What You're Gonna Get

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Incredible Bongo Band - Apache

Incredible Bongo Band - Apache

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Mir schwätzen iwwer ee vun den bekanntste Breaks vun allen Zäiten. Niewen dem Think-Break an dem Amen-Break ass den Apache-Break eng vun den beléiftste Perkussiounen am Hip-Hop. E gouf bal 1.000 Mol gesampelt. Ursprénglech war "Apache" e Lidd aus de 50er Joren, gespillt vun de Shadows, mee d'Incredible Bongo Band huet et 1973 op hirem Album "Bongo Rock" gecovered. D'Incredible Bongo Band war en Nieweprojet vum Studiomuseker a Bongo-Spiller Michael Viner. Hien huet mat senger Coverband ongebrauchte Studiozäit benotzt fir Perkussiouns-schwéier Instrumentaler a Pop-Covere mat afrikaneschen a latin Aflëss opzehuelen. Dem Viner seng funky Versioun vun de Shadows hirem Hit "Apache" ass zu engem vun den éischten Hip-Hop-Breakbeats ginn. Effektiv hunn déi éischt Generatioun Hip-Hop-DJs, wéi zum Beispill Kool Herc a Grandmaster Flash, dem Viner sengem Perkussiounsbreak vertraut fir d'Leit an de Blockparties un d'Danzen ze kréien. Si hunn dee klengen Deel, wou all d'Instrumenter aussetzen, ausser d'Drums, mat zwee Exemplare vun der Plack esou laang widderholl, bis datt d'Dänzer mat hire Moves um Dancefloor fäerdeg waren. D'original Lidd "Apache" hat a sech kee kommerzielle Succès, mee huet awer als Basis fir etlech aner Lidder a Genrë bäigedroen.

1981 koum dann offiziell dat éischt Lidd mam Apache-Break eraus, an zwar de Sugarhill Gang hiren Hit "Apache". Dat war op hirem Album "8th Wonder" a war quasi e Cover vum Viner senger Versioun. Et war esou e grousse Succès, datt et quasi en Overkill gouf a gouf eng ganz Zäit am Hip-Hop net méi benotzt.

Dofir gouf et awer zéng Joer méi spéit eng richteg Traditioun am Drum and Bass dëse Break ze samplen. Goldie huet säin "Timeless" um Label Metalheadz domat erausbruecht. De Sample ass esou zerschnëppelt, datt een et als éischt net erëmerkennt, mee no enger Zäit stiechen dem Viner seng Bongoen awer eendeiteg eraus.

Quasi nach zéng Joer spéit huet sech Hip-Hop nees mam Apache-Break versönt, an de Salaam Remi sampelt en hei op eng ganz ongewéinlech Aart an Weis: hie pitcht en erof a verlängert déi lescht Gittaren-Nout fir dem Nas säin ultra bekannte "Made you Look" doraus ze maachen.

Mee och an der elektronescher Zeen ass den Apache-Break vun Zäit zu Zäit ze héieren: de Switch mécht 2005 säin "A Bit Patchy" doraus. Säi "Fidget House Track" koum um Label Dubsided eraus a gëtt dem Original en neien Touch. Fir méi Informatiounen iwwer den Apache-Break kënnt Dir de Film "Sample This" op Netflix kucken.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow