Radioen

On air

Resonanzen  |  Georges Bizet - L'amour est un oiseau rebelle WD 31 / Act 1 aus 'Carmen' (Oper) - Elïna Garanca (Gesang), Orchestre Sinfonica Nazionale Della RAI, Karel Mark Chichon (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Joe Tex - Papa Was Too

Joe Tex - Papa Was Too

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Joe Tex war en amerikaneschen Sänger, deen e puer vun de gréisste Soulhits geschriwwen huet. Hien ass gebuer an Texas, USA an ass an der Stad Baytown opgewuess. Seng Karriär als professionelle Sänger huet op der Bün zu New York ugefaangen, am Apollo Theater. 1954 huet hien déi éischt Plaz an engem Talentconcours gewonnen a krut e Plackevertrag. Seng éischt Opname beim Label King Records ginn enttäuschend wéineg verkaf. Den Tex perfektionéiert doropshin seng Songwriting Kompetenzen. Säi Cover vum James Brown sengem "Baby You'Re Right" vun 1962 gouf en Hit, wat him e Vertrag mat Dial Records bruecht huet.

Och wa seng éischt Produktioune villverspriechend sinn, ass et eréischt 1965, wéi den Tex Erfolleg kritt, guidéiert zu Nashville vum musikalesche Produzent Buddy Killen. Opgeholl an de berüümte Muscle Shoals Studioen zu Alabama a vun Atlantic vum Dial Killen Label verdeelt, huet säin "Hold What You've Got" d'Top 5 an den amerikanesche Pop-Charts erreecht a war eelef Woche laang an den amerikaneschen Top 100: d'Single verkeeft sech eng Millioun Mol am Joer 1966. Aner Singele kommen no, nämlech "A Woman Can Change a Man" an "The Love You Save (May Be Your Own)", déi allebéid Ballade sinn. Och Lidder an engem aneren Tempo, wéi "The Letter Song" vun 1966 a "Show Me" vun 1967 ginn zu Hits. "Show me" gëtt souguer vum Claude François ënner dem Titel "Cherche" adaptéiert, woumat hien ëmmer seng Concerten ufänkt. Eleng 1965 bréngt de Joe Tex siwe Singelen eraus, sechs am Joer 1966 a fënnef am Joer 1967. Hie publizéiert méi wéi drësseg Singele virun der Verëffentlechung vu sengem éischten Album, vun deem mir hei schwätzen: "I've Got to do a Little Bit Better".

E manner bekannte Lidd vun dësem Album, "Papa Was Too", gouf gutt 300 Mol am Hip-Hop an an der Pop gesampelt. Besonnesch déi véier éischt Bars vu renger Perkussioun goufen als Basis benotzt fir renomméiert Hip-Hop-Hymnen ze schreiwen, wéi zum Beispill "Real Hip Hop" vun Das EFX. Den DJ Premier komponéiert dësen Hit 1995 fir hiren drëtten Album "Hold It Down". Dem Tex seng Drums sinn däitlech erauszehéieren.

Genee esou ass et bei de Fransouse vun X-Men. "J'attaque du Mic" ass den X-Men hiert éischt Lidd a koum och 1995 eraus. D'Lidd vum Hill-G, Cassidy an Hi-Fi war op der Kompilatioun "Timebomb Vol.1" a war produzéiert vun DJ Sek.

Mee de Sample taucht ëmmer erëm op, tous genres confondus. Esou héiert een zum Beispill och d'Madonna am Joer 2020 op dem Joe Tex seng Drums sangen. Si benotzt de Sample um Lidd "Porches" op hirem Album "Ricky Music".

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow