Radioen

On air

Thé Dansant  |  Sammy Davis, Jr. - Mr. Bojangles

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Al Green - Let's Stay Together

Al Green - Let's Stay Together

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Al Green huet seng Gesangskarriär am Alter vun néng Joer ugefaangen als Member vun der Gospelgrupp vu sengem Papp, de Green Brothers. An de fréien 1960er huet hien d'Grupp Al Green and the Creations mam Curtis Rogers a Palmer Jones gegrënnt. D'Creations hu sech a Soulmates ëmbenannt an hunn 1967 en Hit mam Song "Back Up Train" gelant.

Den Al Green huet den Hi-Records-Produzent Willie Mitchell am Joer 1969 kennegeléiert. Zesumme mat him ass dem Green säin Hit "Tired of Being Alone" entstanen. Den Album "Al Green Gets Next to You" (1970) huet et an d'amerikanesch Charts gepackt. Deen nächsten Album "Let's Stay Together" (1972) war och e groussen Hit - den Titeltrack erreecht locker d'Nummer 1. Den Album "I'm Still in Love with You" koum 1973 eraus, a just herno koum "Call Me" mat den Singles "Here I Am", "Call Me" an "Make me happy" eraus. Den Al Green gouf domat e Superstar vu Soul an R&B. No engem Sträit mat senger deemoleger Frëndin gouf de Green 1974 schwéier verletzt. Ënner dem Impakt vun dësem Evenement huet hie seng eege Kierch zu Memphis gegrënnt a gouf do Priedeger. 1977 huet de Sänger säi Studio American Music opgemaach. Hien huet dës zwee Albume selwer produzéiert, "The Belle Album" (1977) an "Truth and Time" (1978). Allerdéngs hat hien domadder manner kommerziellen Erfolleg, wéi mat senge fréieren Albumen. 1979 ass den Al Green beim Optrëtt vun der Bün gefall. Him ass weider näischt geschitt, mee hien huet dat als Zeeche vun Gott gesinn a sech vun deem Moment u ganz dem Gospel gewidmet. "The Lord Will Make a Way" war deen éischte vu villen Albumen an dës Richtung.

Mee hei schwätzen mir besonnesch iwwer dem Green säi véierten Album "Let's Stay Together". Den Titeltrack gouf e puermol am Hip-Hop gesampelt, dorënner och vum Englänner Lethal Bizzle fir säi Lidd "Had to Go". Dat war op sengem Album "Against All Oddz" vun 2005.

En anert Beispill sinn déi dräi Kolleege vu Little Brother. Den 9th Wonder sampelt dem Green säi Lidd fir "Light It Up" vum Album "The Listening" doraus ze maachen.

Mee den Al Green hat et scho virdrun an dem Master P säi Sampler gepackt. An zwar am Joer 1996 mécht hie "The Ghetto Won't Change" op sengem Album "Ice Cream Man" doraus.

Musek

Episoden

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Samuel Jonathan Johnson - My Music

Den Johnson huet mat 14 Joer ugefaangen Uergel ze spillen a gouf séier bekannt als ee vun de beschten Uergelspiller an den New Yorker Kierchen. An der Arméi entdeckt hien den Jazz.
headphones

9 min

play_arrow
Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

Tom Browne - Funkin' for Jamaica (N.Y.)

De Browne war ursprünglech u klassescher Musek interesséiert, mee huet den Jazz als Student Mëtt vun de 70er op der Uni entdeckt.
headphones

7 min

play_arrow
A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey - Rescue Me

A Taste of Honey war eng amerikaneschen Disco-Soul-Grupp vu Los Angeles, déi 1972 vu Janice-Marie Johnson a Perry Kibble gegrënnt gouf.
headphones

7 min

play_arrow
One Way - Cutie Pie

One Way - Cutie Pie

One Way war eng amerikanesch R&B a Funk Band, déi an de spéiden 1970er an Ufank den 1980er Jore populär war, dirigéiert vum Al Hudson.
headphones

9 min

play_arrow
Melissa Morgan - Fool's Paradise

Melissa Morgan - Fool's Paradise

D'Joyce Melissa Morgan, kuerz Meli'sa genannt ass eng amerikanesche R&B a Soul Sängerin a Songwriterin.
headphones

8 min

play_arrow
Maze - Before I Let Go

Maze - Before I Let Go

Maze, och bekannt als Maze Featuring Frankie Beverly ass eng amerikanesch Soulband, déi vum Frankie Beverly zu Philadelphia am Joer 1970 gegrënnt gouf.
headphones

9 min

play_arrow
The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson - Tomorrow

The Brothers Johnson waren eng Funk-, Disco- an R'n'B-Band, déi vun 1975 bis 1982 aktiv war.
headphones

6 min

play_arrow
Quincy Jones - Summer in the City

Quincy Jones - Summer in the City

De Quincy Jones, gebuer de 14. Mäerz 1933, ass en amerikanesche Plackeproduzent, Museker, Songwriter, Komponist, Arrangeur a Film- an Televisiounsproduzent.
headphones

8 min

play_arrow
Ramsey Lewis - Tambura

Ramsey Lewis - Tambura

Deen amerikaneschen Jazzkomponist, Pianist a bekannte Radio-Moderator, 1935 zu Chicago gebuer, ass leschte September am Alter vu 87 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
DeBarge - I Like It

DeBarge - I Like It

DeBarge war eng amerikanesch Grupp aus Michigan, déi aus verschiddene Membere vun der DeBarge Famill bestanen huet, aktiv tëschent 1979 an 1989.
headphones

8 min

play_arrow
Joe Cocker - Woman to Woman

Joe Cocker - Woman to Woman

Deen englesche Sänger war fir seng rau a blueseg Stëmm a seng charismatesch live Optrëtter bekannt.
headphones

9 min

play_arrow
The Main Ingredient - Summer Breeze

The Main Ingredient - Summer Breeze

Déi amerikanesch Soul a Funk Grupp The Main Ingredient gouf 1964 am Harlem, New York City gegrënnt.
headphones

9 min

play_arrow
Dynasty - Adventures in the Land of Music

Dynasty - Adventures in the Land of Music

An den 1980er war de Label Solar Records vergläichbar mat Motown a Stax an den 1960er oder Philadelphia International an den 1970er.
headphones

4 min

play_arrow
Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge - He's the Greatest Dancer

Sister Sledge ass eng amerikanesch Grupp an besteet aus den Schwësteren Debbie, Joni, Kim a Kathy Sledge.
headphones

10 min

play_arrow
The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

De Grupp The Time ass en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert.
headphones

12 min

play_arrow
Dionne Warwick - Walk On By

Dionne Warwick - Walk On By

En Dosende Mol gecoverte Pop-Standard
headphones

7 min

play_arrow
Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Gegrënnt 1968, mat 300 Millioune verkaaften Albe ware Led Zeppelin eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt.
headphones

11 min

play_arrow
Art of Noise - Moments In Love

Art of Noise - Moments In Love

1983 huet déi englesch experimentell Grupp, bekannt fir hir Sound-Collage-Techniken an hir avantgardistesch Approche dozou, dëst Lidd erausbruecht.
headphones

10 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow