Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ One Step forward, two Steps backward

One Step forward, two Steps backward

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

"Square" ass dee siwenten Album vum franséisch-engleschen Reggae Museker Flox, en Disk vun deem gesot gëtt, et wier de perfekte Soundtrack fir de Summer.

Den englesche Produzent Adrian Sherwood huet de legendäre Roots-Sänger Horace Andy derbäi ënnerstëtzt, ee vu senge beschten Disken anzespillen: "Midnight Rocker".

"War Ina Babylon" vum Max Romeo & The Upsetters ass eng Kultplack aus der Karibik aus dem Joer 1976. Knapp 14 Joer no der Onofhängegkeet. An der jonker Demokratie Jamaika si grad Walen, wéi dësen Disk erauskoum. D'Stëmmung ass eskaléiert, an d'Mënschen hu sech d'Käpp ageschloen ... "One Step forward, 2 Steps backwards"...

Decouverte vun dëser Woch ass den Album "Alive" vum Olivier Mellano & Mona Soyoc. Zwee fräi Geeschter hu sech hei zesummefonnt, eng Renconter tëschent der Stëmm an de Wierder vun der Mona Soyoc an den Texturen a Melodië vum Olivier Mellano.

Zanter 2017 war et roueg ëm de Schwed Jay-Jay Johanson. "Rorschach Test" ass den Album iwwerschriwwen, deen 2021 erauskoum, en Titel an Éiere vun dësem Test, dee jo Opschloss op d'Perséinlechkeet soll ginn.

D'Harfistin Tasha Smith Godinez, déi zu San Diego d'Harp Academy leet, huet elo eng éischt Sammlung mat hire Kompositioune verëffentlecht: "Out of the Desert".

One World mat hei och dem Neil Young sengem Album "On The Beach" aus dem Joer 1974. Et war säi fënnefte Studio-Album, deen iwwregens eréischt 2003 op CD erschéngen ass. Hei héiere mir den Neil Young iwwer säi Succès nodenken: "I need a crowd of people, sengt hien, "but I don't need them every day!

Playlist:


Flox - In The Shade - Square
Horace Andy - Easy Money - Midnight Rocker
Massive Attack - Safe from Harm - Blue Lines (2012 Mix / Master)
Max Romeo & The Upsetters - Norman - War Ina Babylon (Expanded Edition)
Olivier Mellano & Mona Soyoc - Come In The Winter - Alive
Jay-Jay Johanson - When Life Has Lost Its Meaning - Rorschach Test
Jay-Jay Johanson - Cheetah - Rorschach Test
Jay-Jay Johanson - Andy Warhol's Blood for Dracula - Rorschach Test
Tasha Smith Godinez - Mulatta (feat. Christopher Garcia & Domenico Hueso) - Out of the Desert
Neil Young - On the Beach - On the Beach
Simone Prattico & Paolo Fresu - Word of Mouth - Word of Mouth - Single

Musek

Episoden

Vagabonds & Soulmates

Traditiounen aus dem Jemen, News aus dem Balkan a spezielle Gesang aus Finnland
headphones

55 min

play_arrow

Sunshine Music

Labbere Groove aus Neizéiland, eng erfrëschend klassesch Komponistin, an e puer “égaréiert” Museker di sech ëmmer erëm zesummefannen.
headphones

56 min

play_arrow

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!

About Sincerity and Instincts

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, dee bekannt war, ouni datt hien et wousst!
headphones

56 min

play_arrow

Hierscht 2024

Etappen an der Tierkei, Indien, Australien, Portugal an an den Tiroler Bierger
headphones

57 min

play_arrow

One World Tribe

En Afrobeat, dee vum Jazz a vum Soul geniert ass, tribalen Drumming a Globetrotter
headphones

56 min

play_arrow

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974

Diggin’ out Pearls

Diggin’ out Pearls Singer-Songwriter vu gëschter a haut, eng Musekerkoppel ënnerwee tëschent der Tierkei a Frankräich an e Retour an d’Joer 1974
headphones

56 min

play_arrow

Chill and move

Musek fir ze chillen, ongewéinlech Influenzen, déi openeen treffen an Neiverëffentlechungen
headphones

56 min

play_arrow

Musek an Aktivismus

Blues, Rock, e bëssen Jazz a staark Gefiller
headphones

57 min

play_arrow

Are You Going With Me

E franséische Produzent, deen op de Sound aus den Trope steet, en Ausfluch bei d’Voodoo-Kultur an e bësse Soul fir d’Séil.
headphones

60 min

play_arrow

War Ina Babylon

Interessant Cover-Versiounen, d’Rhythmen vun den Antillen an der Karibik an e puer onëmgänglech Klassiker
headphones

55 min

play_arrow

One People One World

Jazz, méi oder manner puer, virun allem awer inspiréiert a mat engem ganz eegenen Touch, e bekannte Gittarero zesumme mat enger Flamenco-Sängerin a kolumbianesch Beats fir den Dance Floor
headphones

61 min

play_arrow

The Imagined Village

Musek aus Westafrika, e Sträicherquartett, dee spannend Collaboratiounen ageet, an eng al Geschicht nei erzielt.
headphones

55 min

play_arrow

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er

Summertime

Indie-Pop, Sixties Yè Yè, e Singer-Songwriter, dee Geschicht geschriwwen huet an e Klassiker aus den 80er
headphones

56 min

play_arrow

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.

Summer 2024

Bléiser vun New Orleans, deen neie Sound vu Rio de Janeiro, Folk aus England … de Womad Festival 2024 mécht an e puer Deeg seng Dieren op! Vum 25.-28. Juli am Charlton Park Malmesbury.
headphones

56 min

play_arrow

Timeless

Zäitgenossen aus dem Acid-Jazz, der Soul an dem Blues, eng interessant Renconter an en Disk, dee Geschicht geschriwwen huet.
headphones

56 min

play_arrow

Summer 24

DelikateSinger-Songwriting, eng begaabte Gittaristin, e klénge musikaleschen Trip duerch de Summer 2024 an den zäitgenësseschen Ausdrock mat neien Techniken.
headphones

56 min

play_arrow