Radioen

On air

Thé Dansant  |  Patrice Rushen - Settle For My Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ The Time - 777-9311

The Time - 777-9311

headphones

12 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Sample vun der Woch hu mir seelen oder nach guer net iwwer de Genie vum Prince geschwat. Dës Kéier geet et ëm d'Grupp The Time, en Niewenprojet vum Prince. All d'Musek an d'Texter si vun him geschriwwen, mee gi vu The Time live op der Bün interpretéiert. De Prince gëtt och just ënner sengem Pseudonym Jamie Starr op den Time-Albumen ernimmt. Den eenzegen Deel, deen net vum Prince agespillt gouf, ass de Gesang vum Lead-Sänger Morris Day: dat war e Kandheets-Kolleeg vun him.

All d'Museker sinn talentéiert Kënschtler a stamen aus Mineapolis. The Time ass entstanen, well de Prince e produktive Kënschtler war, a säi Label dat erkannt huet. Warner Brothers huet him also erlaabt dësen Nieweprojet ze kreéieren. Dëst huet fir de Prince gutt geklappt, well hien nieft senger eegener Musek nach aner Saache konnt erausbréngen, an hien doduerch och eng eege Support Band fir seng Touren hat.

The Time hu vläicht net d'Musek op hiren Albumen geschriwwen oder gespillt, awer si ware voll kapabel live op enger Bün ze rocken. D'Lidder vu The Time klenge wéi verlängert Synth-Funk Jams vun aacht bis zéng Minutten an erënneren um Prince seng bescht "Dirty Mind" Ära. D'Band huet véier Funk-Albumen erausbruecht, an engem liichten an humoristeschen Toun, staark beaflosst vu Rick James, Funkadelic, Parlament, James Brown a Sly Stone. Hir Rumzäit war Ufank 80er. Hiren zweeten Album "What Time Is It?" am Joer 1982 ass besonnesch bemierkenswäert a begeeschtert Hardcore-Prince-Fans duerch Lidder wéi zum Beispill "777-9311".

Dësen erstaunlechen Titel gouf e puer Mol gesampelt, wéi zum Beispill vum 2Pac op sengem "What'z Ya Phone Number" vu sengem Album "All Eyez On Me" vun 1996.

Iwwerraschenderweis huet d'Fastwood-Chaîne Mc Donalds den Justin Timberlake dozou kritt e Lidd mat engem Jingle opzehuelen. Hei ass also "I'm Lovin' It", produzéiert vum Pharell Williams vun den Neptunes, 2003 op engem Sample vu The Time.

Musek

Episoden

Soft Machine - Drop

Soft Machine - Drop

Soft Machine ass eng englesch Band vun 1966. Hire Sound geet vu progressivem Rock bis Jazz Fusion. 1972 kënnt hire fënneften Album eraus mam Titel "5".
headphones

11 min

play_arrow
Brick - Dazz

Brick - Dazz

"Good High" ass deen éischten Album vun der Grupp Brick, 1976 bei Bang Records erauskomm.
headphones

9 min

play_arrow
Bernard Wright - Who Do you Love

Bernard Wright - Who Do you Love

Den Bernard Wright bréngt 1985 dëst wonnerbaart Lidd eraus um Album "Mr. Wright". Hien huet viru senger Solokarriär mat Leit wéi Miles Davis oder Cameo opgeholl.
headphones

9 min

play_arrow
Al Green - Let's Stay Together

Al Green - Let's Stay Together

Den Al Green huet seng Gesangskarriär am Alter vun néng Joer ugefaangen als Member vun der Gospelgrupp vu sengem Papp, de Green Brothers.
headphones

7 min

play_arrow
The O'Jays - For the Love of Money

The O'Jays - For the Love of Money

Déi amerikanesch R'n'B Grupp aus Ohio bréngt d'Lidd 1974 eraus.
headphones

12 min

play_arrow
Taana Gardner - Heartbeat

Taana Gardner - Heartbeat

1981 erauskomm an eng vun deene beschte Pop-Single vun den 80er Joren
headphones

7 min

play_arrow
David Axelrod - The Sign

David Axelrod - The Sign

Den David Axelrod kënnt vu Los Angeles a gouf dacks gesampelt. Hie war eigentlech Soundtechniker an huet vill Gruppen opgeholl.
headphones

7 min

play_arrow
Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

De Mulatu Astatke ass e bunnbriechende Museker, deen 1945 an Äthiopie gebuer gouf.
headphones

6 min

play_arrow
Joe Tex - Papa Was Too

Joe Tex - Papa Was Too

De Joe Tex war en amerikaneschen Sänger, deen e puer vun de gréisste Soulhits geschriwwen huet.
headphones

5 min

play_arrow
Tom Tom Club - Genious of Love

Tom Tom Club - Genious of Love

Déi zweet Maxi vum éischten Album vun Tom Tom Club koum 1981 eraus. Den Album huet och "Tom Tom Club" geheescht an ass eng puer Goldgrouf u Samplen.
headphones

10 min

play_arrow
Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

1963 kënnt den historeschen Hindi Film "Taj Mahal" mam Lidd "Chandhi Ka Badan" eraus, ausserhalb vun Indie gréisstendeels onbekannt, mee als Bollywood Musical e grousse Succès.
headphones

37 min

play_arrow
Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dem Soul an R&B Sänger säi gréissten Hit (1984) als Solo-Artist
headphones

9 min

play_arrow
Al Green - I'm Glad You're Mine

Al Green - I'm Glad You're Mine

Ee vun den bekanntsten Drum Loops aus dem Hip-Hop, 1972 erauskomm, staamt vum Al Green, Soul- an Gospel Sänger.
headphones

8 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow
Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Mir sinn nees am Bollywood vun de 70er Joren a schwätzen iwwer d'Musek vum Film "Dharmatma".
headphones

8 min

play_arrow
The Ambassadors - Ain't Got The Love

The Ambassadors - Ain't Got The Love

The Ambassadors waren eng Grupp vun den Enn 60er, déi representativ fir de Philly Soul Sound waren.
headphones

6 min

play_arrow
Roy Ayers - The Memory

Roy Ayers - The Memory

De Roy Ayers ass ee vun de bekanntste Vibrafonisten zanter den 1960er Joren. Säi Ruff ass dee vun engem Prophéit vum Jazz-Funk an Acid Jazz, e Mann, Jore viru senger Zäit.
headphones

8 min

play_arrow
Incredible Bongo Band - Apache

Incredible Bongo Band - Apache

Niewent dem Think-Break an dem Amen-Break, ass den Apache-Break eng vun den beléiftste Perkussiounen am Hip-Hop.
headphones

9 min

play_arrow
Donald Byrd - Wind Parade

Donald Byrd - Wind Parade

Den Donald Byrd gouf als ee vun de beschten Trompettisten vu senger Zäit ugesinn. Vu Mëtt de 50er bis Mëtt 60er huet hie vill opgeholl, meeschtens fir Blue Note.
headphones

10 min

play_arrow