Radioen

On air

Nei Musek  |  E Portrait vum Anders Eliasson

play_arrow Live
arrow_back_ios

De Sample vun der Woch

100komma7.lu / De Sample vun der Woch

/ Led Zeppelin - When the Levee Breaks

Led Zeppelin - When the Levee Breaks

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Led Zeppelin war eng brittesch Rockband. Gegrënnt 1968, mat 300 Milliounen verkaaften Alben, ass et eng vun den erfollegräichste Bands iwwerhaapt. Den Doud vum Drummer John Bonham am September 1980 markéiert d'Enn vun der Band, déi kontinuéierlech an der selwechter Opstellung mam Sänger Robert Plant, Gittarist Jimmy Page a Bassist John Paul Jones aktiv war. Musikalesch war Led Zeppelin ee vun de Pionéier vum Hard Rock, Blues Rock, Progressive Rock an dem Heavy Metal, dee gewuess ass, huet awer och Aflëss aus dem Folk mat agebonnen. "When the Levee Breaks" ass e Blues Lidd vun 1929, mee Led Zeppelin huet dem Lidd 1971 en neien Touch ginn. Si hunn Deeler vun den Texter geännert, an et an "en hypnotesche Blues-Rock Mantra" ëmgewandelt. Hir siwe-Minutte-Reeditioun vum Lidd ass am Beschte bekannt wéinst dem John Bonham sengem eenzegaartegen Drumpart, opgeholl an engem Trapenhaus am Hampshire an England. Fir d'Atmosphär vun enger ënnergaangener Welt ze simuléieren huet de Jimmy Page vu Led Zeppelin verschidde Produktiounstricke benotzt, dorënner Echo, hannerrécks gespillten Harmonika, a méi lues gespillte Spueren. Led Zeppelin huet d'Lidd 1971 als lescht Stéck op hirem véierten Album erausbruecht, dee sech Millioune Mol verkaaft huet. Dësen Album definéiert net nëmmen de Led Zeppelin Sound, mee dee vum ganzen Hard Rock aus de 70er. Wéinst der komplexer Produktioun huet d'Band d'Lidd nëmme seele live gespillt. "When the Levee Breaks" gouf direkt bei senger Sortie vun der Kritik gelueft.

D'Lidd gouf iwwer 220 Mol gesampelt. E klassescht Beispill sinn d'Beastie Boys mat hirem "Rhymin & Stealin", dat 1986 op hirem éischten Album "Licensed to Ill" war. Den Titel hate si zesumme mam Rick Rubin komponéiert.

Den Titel gouf dacks an anere Rap Lidder gesampelt, mee erstaunlecher Weis och vu Coldcut, um witzege "More Beats + Pieces". Si mixen déi bombastesch Drums vu Led Zeppelin hei mam Prokofiev sengem "Peter und der Wolf".

Mee dem Bobby Bieles seng Liblingsversioun ass déi vun der Björk am Joer 1993. Si sampelt "When The Levee Breaks" fir hiren "Army of Me" doraus ze maachen, dat war op hirem zweeten Album "Post".

Musek

Episoden

Soft Machine - Drop

Soft Machine - Drop

Soft Machine ass eng englesch Band vun 1966. Hire Sound geet vu progressivem Rock bis Jazz Fusion. 1972 kënnt hire fënneften Album eraus mam Titel "5".
headphones

11 min

play_arrow
Brick - Dazz

Brick - Dazz

"Good High" ass deen éischten Album vun der Grupp Brick, 1976 bei Bang Records erauskomm.
headphones

9 min

play_arrow
Bernard Wright - Who Do you Love

Bernard Wright - Who Do you Love

Den Bernard Wright bréngt 1985 dëst wonnerbaart Lidd eraus um Album "Mr. Wright". Hien huet viru senger Solokarriär mat Leit wéi Miles Davis oder Cameo opgeholl.
headphones

9 min

play_arrow
Al Green - Let's Stay Together

Al Green - Let's Stay Together

Den Al Green huet seng Gesangskarriär am Alter vun néng Joer ugefaangen als Member vun der Gospelgrupp vu sengem Papp, de Green Brothers.
headphones

7 min

play_arrow
The O'Jays - For the Love of Money

The O'Jays - For the Love of Money

Déi amerikanesch R'n'B Grupp aus Ohio bréngt d'Lidd 1974 eraus.
headphones

12 min

play_arrow
Taana Gardner - Heartbeat

Taana Gardner - Heartbeat

1981 erauskomm an eng vun deene beschte Pop-Single vun den 80er Joren
headphones

7 min

play_arrow
David Axelrod - The Sign

David Axelrod - The Sign

Den David Axelrod kënnt vu Los Angeles a gouf dacks gesampelt. Hie war eigentlech Soundtechniker an huet vill Gruppen opgeholl.
headphones

7 min

play_arrow
Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

De Mulatu Astatke ass e bunnbriechende Museker, deen 1945 an Äthiopie gebuer gouf.
headphones

6 min

play_arrow
Joe Tex - Papa Was Too

Joe Tex - Papa Was Too

De Joe Tex war en amerikaneschen Sänger, deen e puer vun de gréisste Soulhits geschriwwen huet.
headphones

5 min

play_arrow
Tom Tom Club - Genious of Love

Tom Tom Club - Genious of Love

Déi zweet Maxi vum éischten Album vun Tom Tom Club koum 1981 eraus. Den Album huet och "Tom Tom Club" geheescht an ass eng puer Goldgrouf u Samplen.
headphones

10 min

play_arrow
Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

Meena Kapoor - Chandhi Ka Badan

1963 kënnt den historeschen Hindi Film "Taj Mahal" mam Lidd "Chandhi Ka Badan" eraus, ausserhalb vun Indie gréisstendeels onbekannt, mee als Bollywood Musical e grousse Succès.
headphones

37 min

play_arrow
Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dennis Edwards & Siedah Garrett - Don't Look Any Further

Dem Soul an R&B Sänger säi gréissten Hit (1984) als Solo-Artist
headphones

9 min

play_arrow
Al Green - I'm Glad You're Mine

Al Green - I'm Glad You're Mine

Ee vun den bekanntsten Drum Loops aus dem Hip-Hop, 1972 erauskomm, staamt vum Al Green, Soul- an Gospel Sänger.
headphones

8 min

play_arrow
The Winstons - Amen, Brother

The Winstons - Amen, Brother

Den Amen Break huet ganz Generatioune vu Beatmaker erzunn a gouf iwwer 5.000 Mol wärend de leschten 30 Joer gesampelt.
headphones

4 min

play_arrow
Lyn Collins - Think (About It)

Lyn Collins - Think (About It)

Ee vun den zwee bekanntsten Drumbreaks, déi jee gesampelt gouf, heescht "Think-Break".
headphones

8 min

play_arrow
Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Kalyanji Anandji - Dharmatma Theme Music

Mir sinn nees am Bollywood vun de 70er Joren a schwätzen iwwer d'Musek vum Film "Dharmatma".
headphones

8 min

play_arrow
The Ambassadors - Ain't Got The Love

The Ambassadors - Ain't Got The Love

The Ambassadors waren eng Grupp vun den Enn 60er, déi representativ fir de Philly Soul Sound waren.
headphones

6 min

play_arrow
Roy Ayers - The Memory

Roy Ayers - The Memory

De Roy Ayers ass ee vun de bekanntste Vibrafonisten zanter den 1960er Joren. Säi Ruff ass dee vun engem Prophéit vum Jazz-Funk an Acid Jazz, e Mann, Jore viru senger Zäit.
headphones

8 min

play_arrow
Incredible Bongo Band - Apache

Incredible Bongo Band - Apache

Niewent dem Think-Break an dem Amen-Break, ass den Apache-Break eng vun den beléiftste Perkussiounen am Hip-Hop.
headphones

9 min

play_arrow
Donald Byrd - Wind Parade

Donald Byrd - Wind Parade

Den Donald Byrd gouf als ee vun de beschten Trompettisten vu senger Zäit ugesinn. Vu Mëtt de 50er bis Mëtt 60er huet hie vill opgeholl, meeschtens fir Blue Note.
headphones

10 min

play_arrow