Déjà Vu
Numer One Record - Big Star
11 min
Big Star huet mam Duo Alex Chilton/Chris Bell zwee Songwriter a Sänger, déi hire Sound un de Byrds, de Beatles an de Rolling Stones orientéieren - an der Haaptsaach feinen an elegante Pop, harmonesche Gesang, de Wand aus de vergaangenen Enn Hippie-Sechzeger bléist nach eng Grëtz, de Rock schléit ni iwwer d'Strengt.
Den Album kënnt um klenge Label Ardent eraus, d'Distributioun sollt Stax - eng Gréisst a Saache Soul a Funk - iwwerhuelen. Béid Haiser sinn zu Memphis installéiert. Just datt Stax finanziell an organisatoresch amgaang ass d'Baach erofzegoen ... a spéider och wäert faillite goen. De global Player Columbia iwwerhëlt d'Band, weist sech awer wéineg begeeschtert vum Album an ënnerstëtzt de Lancement just minimal.
Jore méi spéit kritt "Number One Record" besonnesch vu Musekerkolleege wéi ë. a. R.E.M., Teenage Fanclub a Primal Scream déi verdéngten Unerkennung.
De Fred Medernach kuckt zeréck.