arrow_back_ios
Déjà Vu
Dire Straits: Love Over Gold (1982)
Fënnef Tracks sinn um Album "Love Over Gold" vun Dire Straits ze fannen. Eleng deen éischten, "Telegraph Road", dauert eng véierel Stonn a presentéiert sech wéi eng Toundichtung iwwer d'Entstoe vun enger Zivilisatioun bis zu de Konsequenze vun enger moderner Gesellschaft.
Mee virun allem "Private Investigations" ass dee bekanntsten Titel vum Album. Aner méi gesellschaftskritesch Museksstécker sinn "Industrial Desease" oder "It Never Rains".
De Manuel Ribeiro féiert duerch dësen Album vun 1982.