Déjà Vu
Lucinda Williams - Car Wheels On A Gravel Road (06/1998)
13 min
Am Fréijoer 1995 fänkt d'Amerikanerin mat den Opname fir den Album un. De Produzent ass wéi ëmmer de Songwriter-Kolleeg Gurf Morlix - just datt et dës Kéier Onstëmmegkeeten tëschent béide gëtt: d'Musekerin refuséiert dat musikalescht Resultat a wiesselt d'Plackefirma. Beim major Mercury kritt si Country- a Folkprominenz zur Säit gestallt, alle virop de Steve Earle an deem säi Produzent Ray Kennedy.
"Car Wheels on a Gravel Road" gëtt allerdéngs eng Schwéiergebuert: d'Lucinda Williams weess hoergenee, wéi hir Kompositioune solle kléngen an ass seele mat den éischten Takes zefridden. A well och hir Matmuseker zäitweis un eegene Projete schaffen, zitt dat Ganzt sech iwwer praktesch iwwer dräi Joer hin.
Wichteg ass der Musekerin, datt hir Stëmm - sprock, rau, ongeschlaff - an hir Gittar esou eriwwerkommen, wéi si sech dat virstellt. D'Kolleege solle begleeden an am Déngscht vun hire Lidder stoen. E Grammy gëtt d'Belounung fir dës Astellung ouni allze vill Kompromësser ...
De Fred Medernach iwwer en Erfollegsalbum, op deem dacks Bezéiungsgeschichten ouni Happyend erzielt ginn.