Déjà Vu
Paul Simon - Graceland
War et richteg vum amerikanesche Museker, datt hien Mëtt den Achzeger op Johannesbourg gereest ass, fir dësen Album opzehuelen? Vill Museker hate sech dem allgemenge politesche Boykott géint de Staat Südafrika a seng deemoleg Politik vun der Rassentrennung ugeschloss a wollten näischt mam Regimm vum Land ze dinn hunn - de Paul Simon awer wollt mat der Produktioun en Zeeche setzen: hien huet zesumme mat südafrikanesche Museker opgeholl, dëst zu de selwechte Konditiounen (Bezuelen, Museksrechter, ...) wéi dat bei wäisse Museker Usus war. Domadder huet hien eng etlech Diskussiounen ausgeléist, déi bis haut daueren.
Just en Deel vum Album gouf a Südafrika opgeholl, de Gros vun den Opnamen ass zu New York entstanen. De Simon huet déi südafrikanesch Museker no de Johannesbourg-Sessions dohinner invitéiert, fir weider u "Graceland" ze schaffen.
Presentéiert vum Fred Medernach.