Déjà Vu
The Jayhawks - Hollywood Town Hall
Gegrënnt gouf d'Band 1985 vu Mark Olson a Gary Louris, Allenzwee Gittaristen a Sänger, vum Bassist Marc Perlman a vum Batteur Norm Rogers, deen dräi Joer méi spéit vum Ken Callahan ersat gouf.
Mat hirem straighten Country-Rock Sound hate si Enn den 80er Joren eng grouss Fangemeinschaft an der Groussregioun vu Minneapolis an en onverkennbaren Afloss op Gruppe wéi The Honeydogs, The Gear Daddies a virun allem Uncle Tupelo, déi mat hirem 90er Album "No Depression" net nëmmen e Meeschterwierk produzéiert hunn, mee dësem musikalesche Genre quasi en neien Numm verpasst hunn: eben no Depression.
A genee wéi Uncle Tupelo, déi mat Jay Farrar a Jeff Tweedy zwou ganz staark Perséinlechkeeten an der Band haten, hu sech The Jayhawks no e puer Joer Aktivitéite getrennt, fir den eenzele Museker méi Méiglechkeeten ze loossen. Eng éischt Trennung ass 2005 iwwer d'Bühn gaangen - tëschent 2009 an 2012 hu si et nach eemol matenee versicht a vun 2014 un eng drëtte Kéier. De Ben Boulanger mat weideren Detailer.