Déjà Vu
Tea For The Tillerman - Cat Stevens
Haut erweist sech dësen Album als eng Zort Hit-Sammlung, mat ë. a. de Lidder "Wild World", "Father And Son", "Where Do The Children Play" a gläich véier Tracken, déi d'Joer duerno am Hal Ashby sengem Film "Harold And Maude" figuréieren. Och de Regisseur Jerzy Skolimovski gräift fir säi Wierk "Deep End" op e Song aus dem Album zeréck.
Mam nächste Release "Teaser And The Firecat" an dem éiwegen Hit "Morning has Broken" ass de Cat Stevens/Yussuf Islam (hie konvertéiert 1977 zum Islam) dann definitiv ganz uewen ukomm. Gebuer gouf hien iwwregens 1948 zu London als Steven Demetre Georgiou.
Den Album gëtt presentéiert vum Fred Medernach.