Déjà Vu
Donald Fagen - The Nightfly
"Gaucho" war zwee Joer virdrun dat lescht gemeinsamt Wierk vum Duo Donald Fagen/Walter Becker. Op "The Nightfly" proposéiert de Fagen e Mix aus digital produzéiertem Pop an Jazz, als Hommage un d'Enn vun de fofzeger Joren.
Mat Ausnam vun engem Cover komme sämtlech aacht Songs aus der Fieder vum Amerikaner, deen eng etlech prominent Matmuseker an de Studio invitéiert: mat derbäi sinn ë. a. d'Brecker-Gebridder Michael a Randy als Bléiser, de Larry Carlton an de Rick Derringer op der Gittar, Abe Laboriel a Marcus Miller um Bass, Jeff Porcaro vun Toto Drums ... an där e puer méi, 31 am Ganzen - déi deemoleg Crème haaptsächlech am Jazz-Beräich. Den Donald Fagen selwer assuréiert de Gesang a verschidde Keyboards.
Den Album kritt gutt Kritike bei senger Sortie, et geet awer och rieds vun ze kalem an ze perfekt produzéiertem Sound. Presentéiert vum Fred Medernach.