Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Claude Bache: "Den Dechen an den Dechenskeller"

Claude Bache: "Den Dechen an den Dechenskeller"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Zanter 2013 ass den Invité schonn Dechen op der Musel zu Maacher. Bis dohinner hat de Claude Bache awer schonn a laange Wee hanner sech, hei just e puer Statioune vu sengem Parcours: Diakon zu Rëmeleng, Kaploun zu Bouneweg grad wéi an der Kathedral, Paschtouer zu Conter an am Sirdall, 20 Joer Responsabele vun der Muttergottesoktav, 20 Joer laang Zeremoniar vum Äerzbëschof a Reliounsenseignant an Aumônier a verschidde Lycéeën.

De Claude Bache huet iwwer d'Massendénger de Wee bei Kierch fonnt, an et ass och virun allem säin Heemechtspaschtouer, deen hien och ferm beandrockt huet. A senger Schoulzäit gouf et nieft dem Wonsch Geeschtleche ze ginn och nach aner Beruffsperspektiven, déi de Claude Bache am Kapp hat, wéi Journalismus, Droit oder och Comptabel. Schlussendlech huet hien zu Tréier an op der Gregoriana zu Roum Theologie studéiert a gouf 1990 als Paschtouer geweit.

Dernieft ass hien awer och zanter 45 Joer aktive Musikant an der Fanfare Hueschtert, wou hie Saxofon Bariton spillt, huet Theater a Cabaret gespillt, ass Member a verschidde Chorallen, also de Gesang ass him och léif. A virun allem ass hien zanter fënnef Joer President vun der Aktioun Lëtzebuergesch. Hien huet deemno och eng grouss Affinitéit zur Lëtzebuerger Sprooch.

Dem Claude Bache säin Häerz schléit ausserdeem fir de Miseler Wäin. Hien ass Hobbywënzer mat 20 Ar Wéngert, déi e gepacht huet a wou hie Riesling, Pinot Gris a Pinot Noir mécht, eng 1.500 Fläschen d'Joer. A well zum Wäin eben dat gesellegt gehéiert, huet de Claude Bache a sengem Haus vu 1708 och de sougenannten Dechenskeller:


"Dat ass deemools gebaut gi vun enger Familljen, déi och Wënzer waren. (...) A wéi ech an d'Haus komm sinn, do war dat e Keller, wou Spawecken dra waren, et louchen dräi Fläschen do a Gromperen. An eng ganz schéin, al Trap, déi erofgeet mat enger herrlecher Dier baussen an den Haff. D'Haus ass nei gemaach gi mat Site et Monuments, et ass Dechenshaus vun der Par Maacher gewiescht. An dunn ass emol Luucht an de Keller komm, an do hunn ech dee Volume gesinn, an ech sot, et ass ze schued hei just Gromperen dranzeleeën, an do ass mer d'Iddi komm esou eng Wäistuff do anzeriichten."

Politik a Gesellschaft

Episoden

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset

Nico Wege: E Liewe fir den Drumset

Eng Rees mam Drummer, Museker a Komponist zeréck an d'Zäit vun de grousse Baler mat der bekannter Cover-Band Fascination
headphones

73 min

play_arrow

Buffalo C. Wayne

De Lëtzebuerger Country- a Western-Museker Buffalo C. Wayne kuckt zeréck op seng 40-järeg Karriär an huet och en neien Album matbruecht.
headphones

54 min

play_arrow
Irina Holzinger

Irina Holzinger

D'Sängerin a Songwriterin ass d'Invitée.
headphones

67 min

play_arrow
Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"

Steve Karier: "Ech hat kee Plang B"

Den Acteur a Festivaldirekter Steve Karier ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat

Rom Helbach: Mam Vëlo a Fotoapparat

E Cyclist, dee fotograféiert oder e Fotograf, dee Vëlo fiert, ass bestëmmt net falsch, wann et ëm den Invité hei geet.
headphones

72 min

play_arrow

Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"

De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio.
headphones

54 min

play_arrow

Jean-Guillaume Weis: De Kierper am Déngscht vun der Expressioun

Den Dänzer a Choreograf erzielt iwwer säi Liewen als Dänzer.
headphones

56 min

play_arrow

Andy Genen: "Een Zeechner ass een Handwierker"

De professionellen Zeechner, deen ënner dem Label ND publizéiert, war Invité am Mee 2022.
headphones

56 min

play_arrow
Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

Tommy Schlesser: "Glieser hallef voll gesinn"

De Lëtzebuerger Comedian, Model an Acteur ass Invité.
headphones

51 min

play_arrow
Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Si ass Realisatrice a Produzentin. Documentairë sinn hiren Dada, a si vermëscht Temoignagë mat Archivbiller.
headphones

56 min

play_arrow

Jan Østergaard - E Liewe fir de Vëlo

Dee fréiere professionelle Cyclist an der Disziplin Stroossevëlo, um Mountainbike oder am Cyclocross huet grad d'Pensioun geholl. Hie kuckt zeréck op seng Karriär.
headphones

55 min

play_arrow

Léa Linster: "Aus deem Einfachsten dat Bescht maachen"

D'Stären- a Spëtze-Kächin ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Jil Devresse: Vum Lycée bei d'Schauspill

Déi jonk Lëtzebuerger Actrice, bekannt aus der éischter Staffel vum Lëtzebuerger Krimi "Capitani", ass d'Invitée.
headphones

68 min

play_arrow
Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

Anne Rose Terebesi: "Ech weess net, wou meng Energie hierkënnt"

D'Pianistin a Museksenseignante vu Bernkastel ass Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"

Raoul Migliosi: "Ech hat kee richtege Plang B"

De jonke Lëtzebuerger professionellen Acteur ass den Invité.
headphones

65 min

play_arrow
Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter

Jérôme Konen: Mat 27 Joer gouf hien Direkter

Zanter 2015 ass den Invité schonn Direkter vum Centre Culturel Kinneksbond zu Mamer, deem regionale Kulturzenter .
headphones

65 min

play_arrow
Guy Engels: Et war eng schéin Zäit

Guy Engels: Et war eng schéin Zäit

De Guy Engels geet no 18 Joer als Responsabelen vun der klassescher Museksredaktioun vum radio 100,7 an d'Pensioun.
headphones

68 min

play_arrow
Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

Timo Wagner: Leeschtungssportler a Schauspiller

"Zwei Seelen wohnen, ach! in meiner Brust", d'Zitat aus dem Goethe sengem "Faust" passt gutt op den Invité.
headphones

58 min

play_arrow
Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Yann Arthus-Bertrand: E besuergten Optimist

Dee franséische Fotograf an engagéierte Klimaaktivist ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"

Yvette Gastauer-Claire: "Ech wollt Schräiner ginn"

D'Artistin ass d'Inivtée beim Jean Claude Majerus bei "Sot emol"
headphones

72 min

play_arrow