Radioen

On air

De Moien  |  Rome - Born In The E.U.

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Jan Østergaard - E Liewe fir de Vëlo

Jan Østergaard - E Liewe fir de Vëlo

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

De Jan Erik Østergaard fillt sech am beschten op engem Vëlo, an dat schonn als Bouf. Seng Elteren wollten, datt hie Fussball spille sollt, hien huet et awer op de Vëlo gezunn. Wéi hie selwer seet, huet säi Klatzkapp hien ëmmer dohinner bruecht, wou hie wollt. An et huet sech gelount.

De Jan Østergaard ass als Cyclist bei fënnef Ekippen, professionell gefuer, bannent enger Zäit, wou de Vëlosport net propper war, a vill Skandaler d'Kompetitioune gerëselt hunn.

Ob an der Disziplin Stroossevëlo, um Mountainbike oder am Cyclocross, hien huet am Ausland an hei zu Lëtzebuerg e Palmarès opweises. En Doublé an der Flèche du Sud. Mee hien war och bei Atlanta 1996 um Start an ass den Giro d'Italia matgefuer. Ënn den 1990er huet hien aus senger Passioun een zweete Beruff gemaach an huet säi Wëssen an de Service vun anere Persoune gestalt, andeems hien ee Geschäft opgemaach huet mat Vëloen. Zu Rolleng bei Miersch. Rezent ass de Jan Ostergaard ganz an d'Pensioun gaangen.

Hie schwätzt am Sot Emol iwwer seng Joren als Coureur, mee och iwwer seng Zäit zu Lëtzebuerg. D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.



Politik a Gesellschaft

Episod