Radioen

On air

De Moien  |  Natas Loves You - Go Or Linger

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"

Thierry Faber: "Capitani huet mäi Liewen komplett verännert"

headphones

54 min

Lauschteren play_arrow

De Createur, (Co-)Zeenarist a Showrunner - Kapp a Papp vu "Capitani" ass am Studio am Gespréich mam Natasha Ehrmann.

Den Thierry Faber ass tëschent Lëtzebuerg a Frankräich grouss ginn, huet Geschicht a Film studéiert an ass no 15 Joer am Ausland zeréck op Lëtzebuerg komm, fir d'éischt als Monteur éier hie sech forméiert huet fir Zenarioen ze schreiwen.

2019 huet hien déi éischt Lëtzebuerger Serie geschriwwen, déi un Netflix verkaf gouf. Zanterhier kennt d'Welt den Inspekter Capitani, a jiddweree weess, wou dat fiktiivt Éisleker Duerf Mënscht läit. Zanter dem 8. Juli gëtt déi zweet Staffel gestreamed, an ass a 24 Länner an der Top 10. Enger Ilres Etüd no hunn 232.000 Persounen zu Lëtzebuerg d'Saison 2 gesinn, eng ronn 42 Prozent Spectateure méi fir déi éischt Staffel. 94 Prozent vun der Populatioun ass "Capitani" e Begrëff.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden