Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

Anne Schroeder: "Als Fra solidaresch sinn"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Anne Schroeder gëtt iwwer hir rezent Documentairë Fraen eng Stëmm. Staark Fraen aus dem Alldag, déi bannent hiren Epochen an iwwer Generatioune vun hiren Dreem an Hoffnungen temoignéieren. Verzielt gëtt Geschicht vun der Emanzipatioun vun de Fraen am 20. an 21. Joerhonnert. Zu Dubai huet si op der Weltausstellung hiren aktuellen Documentaire an Exklusivitéit gewisen: "Inspiring Women of Luxembourg - Past, Present and Future."

Do weist si avant-gardistesch Fraen, déi een exzeptionelle Parcours hanner sech hunn, Fraen, déi hir Epoch markéiert hunn, andeems si innovéiert hunn a Generatiounen inspiréieren.

2018 koum "Histoire(s) de Femme(s)" eraus, wou Fraen zu Wuert kommen, net Politikerinnen oder bekannte Feministinnen, mee staark Fraen aus dem Alldag, et geet ëm hiert Liewen an d'Gesetzer, déi hiert Liewe bestëmmen. "Histoire(s) de Femme(s)" ass d'Resultat vun enger beandrockender Recherche, fir déi d'Anne Schroeder vill Aarbecht a Stonnen an den Archive vum CNA verbruecht huet.

D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Kultur
Politik a Gesellschaft

Episoden