Radioen

On air

Thé Dansant  |  Camille Yarbrough - Take Yo' Praise

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Automn Leaves

Automn Leaves

Dem Fantastic Negrito säi Liewe kéint Bänner fëllen, e Liewen vun den Extreemer ... haut verwäscht hien de Blues nei.

De Robert Plant an d'Allison Krauss kënnegen e weideren Album mat Coveren un, deen am November erauskomme soll. "Raise the Roof" léisst bekannte Lidder erkléngen tëschent Country, Blues-Rock a Folk.

"B-Sides & Rarities Part II" vum Nick Cave & The Bad Seeds ass d'Suite vun enger éischter Raritéite-Publikatioun aus dem Joer 2005. 27 rar oder nach net verëffentlecht Lidder sinn ze héieren, déi tëschent 2006 an 2020 entstane sinn.

Re-Editioun och vun Iron & Wine Lidder op Tallahassee; "Archive Series Volume No. 5", hire lost in time Debut-Album mat enger Kollektioun vu Lidder, déi tëschent 1998 an 99 opgeholl goufen.

Méi an den Detail dem Joseph Malik säin Album "Diverse Part 3". Et ass de leschten Deel vun enger Trilogie, déi hien 2002 ugefaangen hat. "Diverse Part 3" handelt vum Zoustand vun der Welt am Joer 2021. Den Album koum am Juni 2021 eraus an ass e relevant Zäitdokument!

Dead Can Dance, de Kult Grupp ronderëm d'Lisa Gerrard an de Brendan Perry geet d'nächst Joer op Europa Tournée a mécht de 16. Abrëll 2022 eng Halt an der Rockhal.

Playlist:


Quantic & Nidia Góngora - Macumba de Marea - Almas Conectadas
Quantic & Nidia Góngora - El Chiclan - Almas Conectadas
LO RADZOUKA - Al Raqs Majnun - Sanh-mesclat
Fantastic Negrito - Bad Guy Necessity - Please Don't Be Dead
Alison Krauss & Robert Plant - Can't Let Go - Raise The Roof (Deluxe Edition)
José González - Head On - Local Valley
Nick Cave & The Bad Seeds -Free to Walk (with Debbie Harry) - B-Sides & Rarities (Part II)
Iron & Wine - Straight and Tall - Archive Series Volume, No. 5: Tallahassee Recordings
Joseph Malik - Cry When I'm on My Own - Diverse, Pt. 3
Joseph Malik - Days of Future Past - Diverse, Pt. 3
Joseph Malik - Tavistock - Diverse, Pt. 3
Joseph Malik - Strange New Places (feat. Lynzie Dray) - Diverse, Pt. 3
Dead Can Dance - Liberator Of Minds - ACT I - Dionysus
Dead Can Dance - Invocation - ACT II - Dionysus


Musek

Episoden

On The Road I

Sonneg Latino Kläng, déi d’Wolleke verdreiwen, Singer-Songwriting, dee Geschicht geschriwwen huet, a Musek fir ze dreemen oder ze chillen.
headphones

56 min

play_arrow

sunny side up

Musek fir ze chillen, Rhythmen aus dem waarme Süden, walisesch Traditiounen nei interpretéiert an eng virtuos Zitar
headphones

56 min

play_arrow

Desert Blues

Ishumar Musek, déi op Lëtzebuerg kennt, eng Decouverte aus Pakistan, alternative Folk aus Wales …
headphones

61 min

play_arrow

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...