arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Hymne au soleil

Hymne au soleil

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

Eng Stëmm, déi mir kennen ass déi vun der Anohni, englesch Singer-Songwriterin, fréier bekannt als Antony & The Johnsons, als Anohni huet si hiren neien Album “My Back Was a Bridge For You To Cross” verëffentlecht.


Dem franséische Singer Songwriter Arthur H säin neien Album ass schlicht “La vie” iwwerschriwwen. En Disk mat schéinen, sensibele Lidder, déi entstane sinn an der Zesummenaarbecht mat der multi-disziplinarescher Artistin Léonore Mercier.


Shotnez proposéieren en Jazz, deen ugeräichert ass mat Balkan Beats an aneren aneren Influenzen.


D’Leyla McCalla huet e Lidd geschriwwen iwwer Fort Dimanche, dëse Prisong op Haiti, an deem wärend dem Duvalier-Regimm vill Mënsche gefoltert an ëmbruecht goufen. Et ass ze fannen um Album “Breaking the Thermometer”.


Den Album “Scars” vun der Sandra Nkaké koum virun engem Joer eraus. Dës am Kameroon gebuere franséisch Singer-Songwriterin an och Schauspillerin erfënnt sech ëmmer erëm nei.


Den Immy Owusu aus Australie mécht eng cool Fusioun aus Psychedlia, Zamrock a West Afrikanesch Highlife Musik!


Och derbäi hei deen excellente Saxofonist Laurent Bardainne a säin Tigre D’eau Douce. Op “Jou en nous rivé” héiere mir déi schéin jazzy Partitioun vun der Célia Wa, op kreolesch interpretéiert, en Delice!


Playlist:

1. Anohni - It Must Change - My Back Was a Bridge For You To Cross

2. Arthur H - La route – La vie

3. Leyla McCalla - Fort Dimanche - Breaking the Thermometer

4. Shotnez - Last Straw - Dose a Nova

5. Sandra Nkaké - Under My Skin - Scars

6. Immy Owusu - Brown Supremacy - Brown Supremacy

7. The Rebels of Tijuana - Brazil 70 - Brazil 70 - EP

8. Laurent Bardainne, Celia Wa & Tigre d'Eau Douce - Jou en nou rivé - Hymne au soleil

9. Medline - Liquid Sunshine - Solstice

10. Hardkandy - Pure Fantasy (feat. Andy Platts) - Pure Fantasy

11. Danielle Ponder - So Long - Some of us are brave

12. Sault - Bow (feat. Michael Kiwanuka) - Untitled (Black Is)

13. Angelique Kidjo - Mother Nature - Mother Nature

14. Adrian Quesada - Mentiras Con Cariño - Boleros Psicodélicos

Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!