arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ sunny side up

sunny side up

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

Deen norwegesche Produzent an DJ Espen Horne huet zanter Laangem nees en neien Album: “The Anatomy of Serene Eloquence”. Mir lauschteren hei eng Kollaboratioun mam MC a Vokalist Aich, dee mam Laurent Garnier oder och nach mat Jazzanova geschafft huet.


Eng flott Mixtur vun afrobrasilianesche Rhythmen a modernem Funk héiere mir bei Bixiga 70.


Den Aaron Frazer ass de Leadsänger vun Durand Jones & The Indications. 2021 hat hie säi Solo-Debut verëffentlecht a kënnegt haut den Nofollger “Into The Blue” un. Hei erwaart eis e gudde Mix vu Soul, Psychedelia, e bësse Spaghetti-Western-Feeling, Disco an Hiphop. “Into The Blue” gëtt fir Enn Juni ugekënnegt, hei bei One World schonn e klenge Virgeschmaach.


An der klenger Stad Machynlleth, am Häerz vu Wales, lieft eng Artistin, wéi mir se seele begéinen: d’Cerys Hafana. Hir Begleedung op der Bün ass eng Harf, déi méi grouss ass wéi si. Mat den 92 Säite vun hirem Instrument léisst d’Cerys den traditionelle Repertoire nei opliewen.


De Zitar-Virtuos Jasdeep Singh Degun huet en neit Arrangement vum Titel “Lament”, eng vu senge Kompositioune fir d’Oper “Orpheus”.


Playlist:

1. Espen Horne - Den Franske Gitaren (feat. Aich) - The Anatomy of Serene Eloquence

2. Bixiga 70 - 100% 13 - III

3. Mo' Horizons - Foto Viva - Come Touch the Sun

4. Hardkandy - Pure Fantasy (feat. Andy Platts) - Pure Fantasy

5. Aaron Frazer - Payback - Into The Blue

6. Donna Blue - Mains De L’amour - Into the Realm of Love

7. bar italia - Shoo - The Twits

8. Cotonete & Omar - What Did You Run For? - What Did You Run For?

9. Yussef Dayes - Rust (feat. Tom Misch) - Black Classical Music

10. Cerys Hafana - The Wife of Usher's Well - The Bitter - EP

11. Jasdeep Singh Degun - Lament

12. Mumbi Kasumba - Ignited - Rafiki (Original Motion Picture Soundtrack)

Episoden

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow

On the Road

Um Wee tëscht Kaboul a Bamako oder tëscht Indien a Frankräich, mir entdecken eenzegaarteg Zesummenaarbechten.
headphones

54 min

play_arrow

Unchanging Game

Neiegkeeten déi d’Welt vun haut refletéieren, zwou faméis Gittaren déi op Lëtzebuerg kommen an douce Kläng aus Brasilien.
headphones

57 min

play_arrow