Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Russell - The Letter

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ On The Road I

On The Road I

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Den Adrian Quesada, dee mir vun de Black Pumas kenne mat engem Soul Vintage Sound, léist op sengem Album “Boleros Psicodélicos“ romantesch Latino Atmosphären erkléngen.


Den Aka Trio ass eng international Renconter tëschent dräi bekannte Virtuosen: Antonio Forcione, Seckou Keita an Adriano Adewale.


De Sänger a Gittarist David Walters, dee seng kreolesch Originnen erfuerscht, héiere mir um schéinen Album “Nocturne” an der gudder Gesellschaft vum Meeschter Vincent Segal um Cello, de Kora Virtuose Ballaké Sissoko ass derbäi an och de Perkussionist Roger Raspail. “Nocturne” ass eng richteg kleng Pärel: feiereg a meditativ zugläich, eng melancholesch Rees, déi en Hommage un d’Musek an de Fridde mécht.


Afrodelic, dat ass de Projet vum Victor Diawara, deen déi traditionell Musek aus dem Mali mat elektronesche Rhythme verbënt.


“Raise The Roof” ass déi zweet Kollaboratioun vum brittesche Singer-Songwriter Robert Plant an der amerikanescher Bluegrass-Country Sängerin a Geiistin Alison Krauss. Wéineg Instrumenter, schéi Stëmmen … cool!


Den onverkennbaren David Crosby lauschtere mir haut vu sengem aachten a leschte Solo-Album “For Free”. Den Disk koum am Juli 2021 eraus, et sollt säi leschte ginn. Ufanks 2023 ass den David Crosby gestuerwen. Hien hannerléisst e Wierk, dat d’Museksgeschicht op all Zäite gepräägt huet. Iwwregens ass de Cover vu “For Free” vun der Joan Baez produzéiert.


Den Album “Winrah Marah” vum Jawhar bréngt de Folk vun engem Nick Drake zesumme mat der arabescher Sprooch, dem Chaabi an der zäitgenëssescher Pop. Schéin!


Déi bosnesch Sängerin Nataša Mirković kënne mir entdecken um Album “Risplendenti, riversi”, zesumme mat den Jazzmuseker Michel Godard (Serpent), Jarrod Cagwin (Perkussioun) a Luciano Biondini.


Den tuneesesche Komponist Anouar Brahem, dee virun allem den Oud spillt, geléngt et d’Traditiounen aus dem Orient mam Jazz an der Klassik op eng irresistibel Aart a Weis mateneen ze verbannen.


Playlist:

1. Adrian Quesada & iLe Boleros - Mentiras Con Cariño - Boleros Psicodélicos

2. AKA Trio - Saudade - JOY

3. Afrodelic - I Tara Fan Fan (feat. Erica Jennings) - I Tara Fan Fan

4. Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Freedom - Nocturne

5. Robert Plant & Alison Krauss - Trouble with My Love - Raise The Roof

6. David Crosby - Rodriguez For A Night - For Free

7. Khruangbin - May Ninth - A LA SALA

8. Jawhar - Soutbouk - Winrah Marah

9. Anouar Brahem Trio - Vague / E la nave va - Le Voyage De Sahar

10. Nataša Mirković, Michel Godard, Luciano Biondini & Jarrod Cagwin - A Trace of Grace (Arr. M. Godard) - Risplendenti, riversi

11. Adam Holzman - Truth Decay - Truth Decay

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.