arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ It Must Change

It Must Change

Lauschteren play_arrow
headphones

61 min

En Hommage un de Sahel, d’Heemecht vum Omara Moctar, bekannt als Bombino, héiere mir op sengem neien Album “Sahel”, mat deem den Artist opmierksam mécht op déi schwiereg Situatioun vu sengem Land a sengen Awunner.

Och de Farees huet een Deel vu sengen Originnen an der Sahel Zon, hien huet mat denTouareg vun Tinariwen geschafft …

Déi zu New Orleans usässeg Artistin Leyla McCalla ass vum Folk aus dem amerikanesche Süde beaflosst a vun hirem hawaiianeschen Ierwen.

“Ha Ha Heartbreak” ass den zweete Studioalbum vu Warhaus. Warhaus, dat ass de Maarten Devoldere, Lead-Vokalist vu Balthazar. Den Album koum 2017 eraus a sollt net a Vergiessenheet geroden.

Eng vun den onëmgängleche Soulstëmme vun haut ass den Jalen Ngonda, säi Falsetto a schéin Orchestratioun ass eng modern Interpretatioun vun der klassescher Soulmusek.

“My Back Was a Bridge For You To Cross” ass dee fënnefte Studioalbum vun der Anohni and The Johnsons, fréier bekannt als Antony and The Johnsons.

De Gyedu-Blay Ambolley ass en Highlife-Museker aus dem Ghana, deen als Gaaschtmuseker op Mo' Horizons hirem neien Album “Mango” ze héieren ass.

D’Indie-Folk Band Beirut ass déi Kéier derbäi mat hirer Aktualitéit “Hadsel”, dee sechste Studioalbum vun den Amerikaner, deen de leschte September erauskoum.


Playlist:

1. Bombino - Ayes Sachen - Sahel

2. Farees - Border Patrol - Border Patrol

3. Tinariwen - Iklam Dglour (feat. Warren Ellis & Rodolphe Burger) - Amadjar

4. Leyla McCalla - A Day for the Hunter, a Day for the Prey - A Day for the Hunter, a Day for the Prey

5. Warhaus - Desire - Ha Ha Heartbreak

6. Hardkandy - The Good and the Bad - Second to None

7. Jalen Ngonda - It Takes a Fool - Come Around and Love Me

8. ANOHNI - It Must Change - My Back Was a Bridge For You To Cross

9. Beirut – Baion - Hadsel

10. Mo' Horizons - Mango Woman (feat. Gyedu-Blay Ambolley) - Mango

11. Toto Necessitè - Cail la mandé rousé - Antilles chéries

Episoden

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow

Womad Festival 2026

De Womad Festival 2026 mécht seng Dieren op vum 23-26 Juli am Neston Park zu Corsham. Mir entdecke spannend Artisten, Newcomer an och confirméiert Gréissten.
headphones

56 min

play_arrow