Radioen

On air

Notturno  |  Fumage - Power That Be Feat. Ruben Hein

play_arrow Live
arrow_back_ios

Déjà Vu

100komma7.lu / Déjà Vu

/ Cat Stevens - Teaser and the Firecat (1971)

Cat Stevens - Teaser and the Firecat (1971)

Am Oktober 1971 kënnt mat "Teaser And The Firecat" dem Cat Stevens säi fënnete Studioalbum eraus. De Museker, deen 1948 als Steven Demetre Georgiou gebuer gouf, huet de Kënschtlernumm Cat Stevens Mëtt de Sechzeger ugeholl, mécht och ënner deem ronderëm de Globus Karriär, éier hien 1978 zum Islam konvertéiert an deen neien Numm Yussuf Islam dréit. Haut huet hien den Duebelnumm Cat Stevens/Yusuf an ass nach ëmmer musikalesch aktiv.

Presentéiert vum Fred Medernach.

Musek

Episoden

Morphine - Cure for Pain

D'Sich no engem Heelmëttel fir déi ënnerlech Péng féiert op Morphine hirem zweeten Album duerch ee Monochrom vu Bariton-Frequenzen.

Morphine - Cure for Pain

D'Sich no engem Heelmëttel fir déi ënnerlech Péng féiert op Morphine hirem zweeten Album duerch ee Monochrom vu Bariton-Frequenzen.

Tea For The Tillerman - Cat Stevens

Den Album aus dem November 1970 ass den Duerchbroch fir den englesche Singer/Songwriter, deen haut den Numm Yussuf Islam dréit.

Ella and Louis

Wann een d'Nimm Ella Fitzgerald oder Louis Armstrong eenzel héiert, kann ee sech schonn op gutt Musek freeën. An dësem Fall sinn déi zwee zesummen ze héieren.

The Jayhawks - Hollywood Town Hall

Den Duo Mark Olson/Gary Louris dréit 1992 mat dësem Album zum Succès vum Genre alternative Country bäi.

Let It Bleed - The Rolling Stones

Den Album vun de Stones vun Enn 1969: de Brian Jones geet, de Mick Taylor ass nei derbäi. Den Toun gëtt weider den Duo Jagger/Richards un.

The Necessaries - Event Horizon

Eng New Wave Power Pop Pärel vun 82, op där den enigmateschen Arthur Russell matgewierkt huet.

The Beatles - Abbey Road

Eng zerstridde Band geet ënner der Regie vum George Martin an de Studio - eng leschte Kéier. Den Album kënnt am September 1969 eraus.

Kraftwerk - Computerwelt

1981 beschäftegt d'Band vun Düsseldorf sech scho mat Sujete wéi Big Data, Iwwerwaachung an online-Dating.

Paul Simon - Graceland

Den Album "Graceland" - dat si bis haut Apartheid-Kontroversen ëm de Paul Simon-Klassiker aus dem Joer 1986.

Dire Straits: Love Over Gold (1982)

Dee 4. Studioalbum vun der Band

Bob Dylan - Blonde On Blonde

Den elektresche 66er Poet a Geschichtenerzieler Bob Dylan mam éischten Duebelalbum an der Rock- a Popgeschicht vun engem Major artist.

Joni Mitchell - Ladies of The Canyon

Den 1970er Album vun der Kanadierin mat Woodstock-Feeling ...

David Bowie - Let's Dance

Den 83er Album produzéiert vum Nile Rodgers ass dem Englänner säi meeschtverkaaftent Wierk.

Stan Getz/Joao Gilberto

E Bossamuseker mat engem Jazzsaxophonist: den Joao Gilberto an de Stan Getz hunn 1964 e Kultalbum vum Genre erausbruecht.

Donald Fagen - The Nightfly

Den éischte Solo-Album vum kreative Kapp vum Duo Steely Dan aus dem Oktober 1982

Charles Bradley Hommage

E Bléck op dem "Screaming Eagle of Soul" säi leschten Album an en exklusive Concertsausschnëtt

Creedence Clearwater Revival - Cosmo's Factory

Dee meeschtverkaaften Album (1970) vum John Fogerty senger Band CCR ... mat Confirméiertem an e puer Iwwerraschungen

Link Wray - Link Wray

Eng rau Pärel vun 71 vum Erfinder vum Power Akkord, dee seng Roots Rock Säit zum Virschäi gëtt.

Link Wray - Link Wray

Eng rau Pärel vun 71 vum Erfinder vum Power Akkord, dee seng Roots Rock Säit zum Virschäi gëtt.