Radioen

On air

9 bis 1  |  James Bay - Hold Back The River

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Vu Maloya bis Punk

Vu Maloya bis Punk

AK Patterson, en Trio vu Brighton, si nennen als Inspiratiounen e Bjork, Jeff Buckley, Ella Fitzgerald, Elizabeth Fraser (Cocteau Twins), brasilianesch Musek, an alles wat Soul huet.


D'Ikone vum Maloya - Blues Christine Salem vun der Île de la Réunion huet mat "Mersi" en neien Album, deen allerdéngs de Maloya vermëscht mat anere Stiler.


Déi begaabte jonk amerikanesch Gittaristin Yasmin Williams huet viru Kuerzem hiren neien Opus "Urban Driftwood" verëffentlecht. Si benotzt eng Hellewull Techniken op hirem Instrument, hellt ongewéinlech Kläng aus dësem eraus a kombinéiert d'Gittare mat der Kora, Kalimba an den Hand Drums.


Lambchop hunn iwwerraschend en neien Album ugekënnegt, nodeems d'Band ronderëm de Sänger a Leader Kurt Wagner als Lescht mat Autotune a Beats hantéiert huet, gräifen si elo zum american Songbook.


E bësse Punk ass ëmmer erëm erfrëschend. Zu London huet sech 2018 Dry Cleaning gegrënnt, alles laangjäreg Frënn, déi eenzel Musek gemaach hunn, bis si sech dunn entschloss hunn zesummen ze spillen a sech ganz hirer Passioun ze widmen. D'Resultat versprécht, e bëssen Tom Verlaine Feeling an Téin, déi un dat Bescht aus dem Genre erënneren.


En Numm, deen eis net bekannt ass, allerdéngs deen d'Häerz vun all Reggae Fan méi héich schloe léisst, ass de Kubix. Déi agefleescht Reggae Leit kennen hie sécher. Bal 20 Joer begleet hien déi grouss aus dem Genre op der Bün, wéi e Barrington Levy, Horace Andy, Mo'Kalamity, mee och Pop Sängerinne wéi d'Zaho oder Kimberose gi vun him ënnerstëtzt.


Playlist:



AK Patterson - My Body is a Spacesuit - Mettle

Christine Salem - Anou - Mersi

Oumou Sangaré - Yere Faga (feat. Tony Allen) - Mogoya

Sault - Wildfires - Untitled (Black Is)

Yasmin Williams - Urban Driftwood (feat. Amadou Kouyate) - Urban Driftwood

Woodkid - Shift - S16

Lambchop - A Chef's Kiss - Showtunes

Dry Cleaning - Strong Feelings - New Long Leg

Lou Doillon - Look at Me Now - Look at Me Now - Single

Hailu Mergia - Bayne Lay Yihedal - Yene Mircha

Kubix - Deep Eyes - Guitar Chant

LaBulKrack - Grand voile - Cumbia Bamako

Slim Paul - There Will Be No Dawn - Good for You

Ólafur Arnalds - Woven Song - some kind of peace


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow