One World
Protest Songs & More
60 min
De politesche Sound vun haut vum englesche Kollektiv Sault, si sinn d'Stëmm vu Black Lives Matter a maachen d'Kontinuitéit vu Black is beautifull aus de 70er, d'Fortsetzung vun engem James Brown sengem "Say it loud I'm black and I'm proud".
Protestmusek vun haut a politesch engagéiert sinn och d'Sleaford Mods, electro-punk Duo aus Nottingham, déi an hirem Dialekt d'Uleiesse vu sech an hire Matmënschen thematiséieren. D'Sleaford Mods hunn e Gespier fir d'Mënschen, hir Suergen a Realitéiten an droen hiert Häerz op der Zong.
Musikalesch Renconteren bei One World ë. a tëschent dem Flamenco an der traditioneller kurdescher Musek; kolumbianesch a kongoleesesch Museker zesumme fir de Projet De Palenque À Matongé oder den Aka Trio mat Museker aus Brasilien, Italien a Senegal.
Inspiréiert solo Artisten sinn derbäi, wéi den Dorantes, deen de Flamenco um Piano ausdréckt oder den Arthur Russel, wou déi rezent posthum Publikatioun "Iowa Dream" un e vergiessenen an originelle Repertoire erënnert.
Playlist:
Sault - Wildfires - Untitled (Black Is)
Sault - Bow (feat. Michael Kiwanuka) - Untitled (Black Is)
Sleaford Mods - Shortcummings - Spare Ribs
Groundation - Fossil Fuels - The Next Generation
Rusan Filiztek & François Aria - Ya Ayn Mulayiitayn - Ez Kevokim - Zêr-Av
Dizzy Mandjeku & Alé Kumá -Ten go Un Dolor - De Palenque À Matongé
AKA Trio - Saudade - JOY
Dorantes - Caravana De Los Zincalis - El tiempo por testigo... A Sevilla
Trondheim Soloists, Mari Samuelsen, Jesper Söderqvist & Gunnar Flagstad - Timelapse - Nordic Noir
Arthur Russell - Wonder Boy - Iowa Dream
So Percussion, Gilbert Kalish & Dawn Upshaw - Narrow Sea: Pt. 2
Bugge Wesseltoft & Sidsel Endresen - Truth - Out Here In There
Nataša Mirković, Michel Godard, Luciano Biondini & Jarrod Cagwin - Alta marea (Arr. J. Cagwin, M. Godard, N. Mirković & L. Biondini) - Risplendenti, riversi