Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Keleketla! (Äntwert)

Keleketla! (Äntwert)

D'Grënner vun Ninja Tune, Coldcut presentéieren mat "Keleketla!" eng Collaboratioun tëschent afrikaneschen a britteschen Artisten, co-kuratéiert vum zu Johannesburg baséierte Kollektiv Spaza hirem Label Mushroom Hour Half Hour. Ee vun den eis bekannten Nimm, deen hei matmëscht, ass den Tony Allen.


Den Hailu Mergia war viru laange Joren e Begrëff, wat d'Musek aus Äthiopien ugeet, dunn ass en total a Vergiessenheet geroden. Haut tingelt dës 74 Joer jonk Legend weltwäit duerch d'Clubben. "Yenen Mircha", wat esouvill bedeit wéi "Meng Entscheedung" ass d'Aktualitéit vum Keyboarder a Multiinstrumentalist, deen zesumme mat Astatke déi gëlle Joren zu Addis Abeba an de 60er a 70er Jore gepräägt huet.


Déi iresch post-punk Band Fontaines D.C mat hirem zweeten an neien Album "A Hero's Death", dee wäitaus méi roueg ausgefall ass wéi säi Virgänger "Dogrel". Si hunn op dësem neien Album awer net hir Energie verluer. Mee vereenzelt Stécker sinn däitlech méi lues, scho bal Balladen, einfach méi poséiert.


De Pink Floyd Gittarist David Gilmour mat engem éischten neie Lidd zanter fënnef Joer: "Yes, I Have Ghosts". E Lidd, dat hie geschriwwen huet fir senger Fra hire Roman "A Theatre for Dreamers" ...


Eng aner posthum Verëffentlechung nieft "Rejoice" ass "Circles", dee sechsten a leschten Album vum amerikanesche Rapper Mac Miller.


Playlist:



Keleketla! & Coldcut - International Love Affair (feat. Afla Sackey, Antibalas, Dele Sosimi, Ed 'Tenderlonious' Cawthorne, Gally Ngoveni, Nono Nkoane, Sibusile Xaba, Tamar Osborn, Thabang Tabane, Tony Allen & Tubatsi Moloi) - Keleketla!

Keleketla! & Coldcut - Freedom Groove (feat. Antibalas, Nono Nkoane, Tamar Osborn, The Watts Prophets & Tony Allen) - Keleketla!

Keleketla! & Coldcut - Swift Gathering (feat. Eska Mtungwazi & Tamar Osborn) - Keleketla!

Hailu Mergia - Bayne Lay Yihedal - Yene Mircha

Tony Allen & Hugh Masekela - Jabulani - Rejoice

Fontaines D.C.- I Don't Belong - A Hero's Death

Fontaines D.C. - Sunny - A Hero's Death

David Gilmour - Yes, I Have Ghosts - Yes, I Have Ghosts - Single

Mac Miller - Circles - Circles

Destroyer - Cue Synthesizer - Have We Met

Nina Simone - Sinnerman - Pastel Blues


Episoden

All Lives Matter!

Decouverten aus Israel, Zypern, Hawaii, Finnland, Amerika, Schottland ... an e Retour an d’70er.
headphones

56 min

play_arrow

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow