search

/ déi gréng fuerderen interministerielle Plang fir d'Aarmutsbekämpfung

Nationalen Aktiounsplang

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

déi gréng fuerderen interministerielle Plang fir d'Aarmutsbekämpfung

déi gréng fuerderen ee konkreten interministerielle Plang fir d'Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen. 27 Prozent vun de Stéit sinn dem Statec no, nom Bezuele vun de Logementskäschten an engem Aarmutsrisiko.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Et géif, déi gréng no, net duergoen fir d'Sozialpolitik vum Wirtschaftswuesstem ofhängeg ze maachen. Et misst ee proaktiv Moossnamen ergräifen.

déi gréng hunn ee Katalog vun 20 Moossnamen op enger Pressekonferenz presentéiert an de Beräicher Wunnen, Kanneraarmut, Altersversuergung an neie Strukture fir d'Hëllefen um Terrain besser zougänglech ze maachen.

Dem Djuna Bernard no ginn et haaptsächlech dräi Voleten, déi ee misst am A behalen.

"Mir wëssen, datt wa mer haut net an d'Kanner investéieren, datt dat eis muer an der Gesellschaft nach vill méi deier gëtt. D'Altersaarmut ass e Phänomen, wat ee wierklech net dierf ënnerschätzen. Mir hunn et gemierkt duerch d'Theema vun de Mindestpensiounen, wou dës Regierung och leider net weist, datt se wëll strukturell d'Mindestpensioun erhéijen. Och hei hu mer d'Propos déi ëm 200 Euro an d'Luucht ze setzen."

Iwwerdeems misst een de Logement zu Lëtzebuerg verbonnen mat der Aarmut gesinn, esou nach d'Djuna Bernard. Do misst ee besonnesch um Niveau vun de Locatairen usetzen.

Weider missten déi sozial Hëllefe bei d'Leit kommen. Dofir proposéieren déi gréng d'Schafe vu regionalen Zentere wou d'Office sociaux, zesumme mat aneren Acteuren wéi der ADEM schaffe kënne. Dat mam Zil d'Hëllefen um Terrain besser zougänglech ze maachen, esou nach déi gréng.

play_arrow Lauschteren