Och wann ee kee gemeinsamen Accord op all de Punkte fonnt hätt géif d'Regierung hir Verantwortung iwwerhuelen an de Sujet an der Chamber diskutéieren.
"Mir hu kee gemeinsamen Accord op all deene Punkte fonnt, mee mir hate gutt Gespréicher an d'Regierung iwwerhëlt hir Verantwortung a geet elo an déi nächst Phas vun deenen Diskussiounen a mécht déi mat der Chamber."
Haut um 14:30 gëtt den Ausgang vun der Sozialronn dann an der Chamber diskutéiert. Déi Sëtzunge vun den zoustännege Chamberkommissioune goufe vun deene Gréngen an der LSAP ugefrot.