Laang Stonnen hätt een tëschent dem Patronat, de Gewerkschaften an der Regierung zesumme gestridden, verhandelt an diskutéiert, esou d'OGBL-Presidentin Nora Back an trotzdeem: "Um Enn vun all deene Stonne sti mir hei ouni Accord. An dat bedeit fir eis en Echec vun deene Verhandlungen." D'Verhandlunge wieren deemno gescheitert.
"An dat Blödst bei der Saach ass, si sinn net onbedéngt um Contenu gescheitert, well mir sinn nach net um Enn ukomm gewiescht vun aneren Diskussiounen, mee si sinn un der Form gescheitert, well mir haut hei sti mat enger Decisioun vun der Regierung an net kënne soen, mir hunn zu dräi Acteuren, d'Sozialpartner mat der Regierung, en Accord ënnerschriwwen."
Ënner dem Stréch wieren eng Rei u Verschlechterunge fir déi schaffend Leit an déi zukünfteg Pensionéiert, déi elo um Dësch géife leien. Iwwerdeems wier d'Regierung a verschidde Punkten, wéi beispillsweis den Ouvertureszäiten, par rapport zum Juli zeréckgeruddert, bedauert d'Nora Back.
Dës Weideren hätt een den Androck, datt dat 130-säitegt Dokument, wat d'Gewerkschafte fir eng Pensiounsreform ausgeschafft hunn, kaum bis guer net vun der Regierung berücksichtegt gouf. Eppes wat der Nora Back an dem LCGB-President Patrick Dury sauer opstéisst.
Pensiounen: Michel Reckinger hätt sech méi Courage gewënscht
Och vu Patronatssäit ass een alles anescht wéi zefridde mam Ausgang vun de Verhandlungen. Dem UEL-President Michel Reckinger no wier ee vläicht mat ze héijen Erwaardungen an d'Sozialronn eragaangen.
"Mir wollten ee Gesamtpackage. Bon, dee Gesamtpackage ass et net ginn. Dat war warscheinlech ze vill ambitiéis. Also ass et opgebröselt ginn."
Et hätt een sech och méi Courage bei der Pensiounsreform gewënscht, seet de Michel Reckinger.
"Mir wollten eng ambitiéis Reform. Well d'Situatioun, wéi se haut ass, brauch eng ambitiéis Reform. D'Sozialronn wollt net à long terme goen. Dat ass schued. An de Sujet bleift dofir an der Aktualitéit."
Dem UEL-President no géif et sech just ëm eng Iwwergangsléisung handelen. Deemno missten och politesch Parteie sech positionéieren, wéi se mam Pensiounsdossier wéilten ëmgoen, och wann de Michel Reckinger hofft, datt déi Saach an deenen nächsten 3 Joer gekläert ass an net zum Walkampftheema géif ginn.
A Saache Pensiounsreform hätt een sech elo dräi bis fënnef Joer Zäit kaaft, sot hie weider am 100,7 Interview. Elo géif et drëm goen an den nächste Joer weider dorun ze schaffe fir an Zukunft eng anstänneg Pensiounsreform hinzekréien. Am Groussen a Ganze wier et awer kee Wonschresultat gewiescht, esou de Michel Reckinger.
“Well mir natierlech eis méi erhofft hätten, bei de Pensiounen, mir eis méi erhofft hätten, och bei de Kollektivverträg eis méi erhofft hätten, fir kënne besser an eise Betriber kënnen ze schaffen. Dat alles hu mer keen Accord fonnt mat de Gewerkschaften. Mee mir sinn awer virun allem an de Pensiounen iergendwou weiderkomm. Mir si méi wäit wéi mer virdru waren."