arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sam Tanson a Marc Spautz reagéieren op déi drëtt Sozialronn

Am Duebel-Interview

|
headphones

2 min

headphones

16 min

play_arrow

Sam Tanson a Marc Spautz reagéieren op déi drëtt Sozialronn

Wat an hiren Aen iwwereg bleift vun den dräi Sozialronne wier d'Feststellung, datt de Sozialdialog hei am Land "eng déck Téitsch krut", esou d'Sam Tanson een Dag no der drëtter Sozialronn. Den CSV-Fraktiounspresident Marc Spautz hätt sech iwwerdeems och en anert Resultat erhofft.

headphones

2 min

headphones

16 min

play_arrow

Duerch alles, wat a leschter Zäit geschitt ass, hätt de Sozialdialog zu Lëtzebuerg gelidden. Där Meenung ass déi gréng Deputéiert a fréier Ministesch Sam Tanson. Am 100,7-Interview schwätzt si vun enger Spaltung, déi duerch d'Regierung provozéiert gi wier, a vill Hoffnungsmaacherei.

"Fir d'éischt huet d'Regierung et wierklech zu enger grousser Spaltung hi bruecht, andeems se ganz sech op eng Säit geschloen huet, där Säit natierlech ganz vill Hoffnunge gemaach huet - dat ass och erausgeklongen aus den Deklaratioune gëschter - fir dann dräi laang Seancë vun Diskussioune mat iwwer 40 Stonnen Negociatiounen ze hunn, mat elo kengem Accord."

Dëst wier "e gravéierende Präzedenzfall fir de Sozialdialog", esou d'Sam Tanson.

Och de Marc Spautz bedauert, datt et net zu engem Accord komm ass. 

"Ech mengen, wat ëmmer besser gewiescht wier, dat wier wann et zu engem Accord komm wier. An doduerch, dass et net zu engem Accord komm ass, bedaueren ech dat, well ech dat léiwer gehat hätt, si hätten et fäerdeg bruecht, en Accord ze kréien tëschent deenen dräi Partner. Dat hätt sécherlech villes vereinfacht."

Fir den CSV-Fraktiounspresident géif sech elo och nach d'Fro stellen, wéi et mat aneren Dossieren, bei deenen d'Sozialpartner involvéiert sinn, géif viru goen, notamment am CTPE oder bei der Krankekeess.

Wat gouf proposéiert?

Den Ausgang vun der Sozialronn vu gëschter gëtt um Donneschdegmëtteg och an den zoustännege Chamberkommissiounen diskutéiert. Bei de Pensioune proposéiert d'Regierung ënner anerem, datt d'Cotisatiounszäiten iwwer een Zäitraum vu 5 Joer ëm am Ganzen 8 Méint solle verlängert ginn.

Donieft sollen d'Cotisatioune vu 24 op 25,5 Prozent eropgesat ginn, also allkéiers 0,5 Prozent méi fir d‘'Salariéen, d'Patronen an de Staat.

Dës Schrëtt solle fir Sputt fir véier Joer suergen, esou d'Sozialministesch Martine Deprez. Bis 2030 géif duerch dës Mesurë keen Defizit an der Pensiounskeess entstoen.

play_arrow Lauschteren