arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pensiounsreform: Regierungsrot gëtt 2 Gesetzesprojete gréng Luucht

Staatsministère mellt

|
headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow

Pensiounsreform: Regierungsrot gëtt 2 Gesetzesprojete gréng Luucht

Déi zwee Gesetzesprojete fir d‘Ëmsetze vun der geplangter Pensiounsreform goufen e Freideg am Regierungsrot guttgeheescht. Dat huet de Staatsministère gëschteran engem Communiqué gemellt. Dat nodeems an de sougenannte "Sozialronnen" jo keen Accord mat de Gewerkschaften a mam Patronat fonnt gouf.

headphones

1 min

headphones

2 min

play_arrow
Pensioun | © Bigstock
Pensioun (Foto: Bigstock)

D‘Gesetzesprojete gesinn ënner anerem vir, datt fir d‘Fréirent mat 60 Joer ze huelen d‘Cotisatiounsperiode bis 2030 progressiv ëm 8 Méint solle verlängert ginn, an datt de Cotisatiounstaux ëm een hallwe Prozentpunkt soll klammen. 

Duerch d‘Mesuren hofft d‘Regierung, fir een eventuellen Defizit vun der Pensiounskeess ëm 4 Joer no hannen ze réckelen.

Méi laang schaffe goe soll méi attraktiv ginn

Parallel zu der Pensiounsreform huet de Regierungsrot ee Gesetzprojet ugeholl iwwer d’Steieravantagen, déi déi Beschäftegt dozou sollen incitéieren, méi laang schaffen ze goen – och wa si schonn d’Konditiounen erfëlle fir d‘Pensioun unzefroen.

Déi Persoune kënne vun engem Steierabattement vu 750 Euro de Mount profitéieren. Dat sinn 9.000 Euro d’Joer. 

Fir de sougenannten drëtte Pilier am Pensiounssystem ze stäerken, klëmmt de Plaffong vum Steierabattement vun aktuell 3.200 Euro op 4,500 Euro. Et sinn dëst d’Bäiträg, déi een u privaten Assurancen am Kader vun engem Contrat de prévoyance vieillesse bezilt. Dat sinn also Privatpensiounen.

Urgencen-Déngschter an der Stad

De Regierungsrot huet dann ënner anerem nach groussherzoglecht Reglement ugeholl iwwer deen d’Urgencen-Déngschter an der Stad festgeluecht ginn. An deem Kontext gëtt d’Filière vun der Geriatrie restrukturéiert, mat enger Erweiderung vun der Opnam vun eelere Mënschen.

 

play_arrow Lauschteren