Den 3. September kommen d’Sozialpartner nees zesummen, fir ënner anerem iwwer déi geplangte Pensiounsreform ze diskutéieren. Ënner anerem läit eng Cotisatiounserhéijung vun engem hallwe Punkt fir d’Assuréen, d’Employeuren an de Stat op 8,5 Prozent als Propos um Dësch.
Déi Jonk Demokraten hunn an deem Kontext haut um Méindeg eng Cotisatiounserhéijung vun engem ganze Punkt op 9 Prozent fir jidderee gefuerdert. Si fannen, datt de Rentesystem domat méi laang kéint am Equiliber gehale ginn.
D'Forschett 2070 am wäitsten auserneen
Mëtt Mäerz scho gouf an enger Sëtzung vun der Chamberkommissioun vun der Santé en Dokument vun der Inspection générale de la sécurité sociale presentéiert. Dat op Nofro hi vun der CSV (zum hallwen) a vun déi gréng an LSAP (zum ganze Punkt). D’IGSS huet doran ënner anerem eng Cotisatiounserhéijung vun engem hallwen, respektiv vun engem Punkt duerchgespillt.
Bei enger Cotisatiounserhéijung vun engem hallwe Punkt géif d’Balance vu Recetten an Depensen tëschent 2030 an 2040 an d’Negatiivt kippen: 2051 wieren d’Reserven iwwerdeems komplett opgebraucht. 2070 da wier d’Forschett mat 18,4 Prozent Ausgabe bei 10,2 Prozent Einnamen am wäitsten auseneen.
Bei engem ganze Punkt Cotisatiounserhéijung géif d’Balance vu Recetten an Depensen 3 Joer méi spéit wéi am Zenario vu just engem hallwe Punkt negativ ginn. D’Reserve wieren 2054, dat heescht 3 Joer méi spéit wéi am Zenario vun engem hallwe Punkt Cotisatiounserhéijung, opgebraucht.
D'Reserven 2048 schon opgebraucht?
De Renteproblem géif domat no hanne verréckelt ginn, wann och net op d’laang Bänk. Am 100,7-Interview sot den DP-Deputéierte Gérard Schockmel heizou:
"Am Ufank ass gesot ginn, datt eigentlech probéiert wäert ginn, op déi nächst 15 Joer eng Solutioun ze fannen. Am Moment, wéi de Stand vun de Gespréicher ass, ass éischter méi kuerzfristeg, dat heescht fir déi nächst 5 Joer, ugeduecht. Dat heescht alles, wat an deem Moment vu Mesuren elo ugeduecht ass, bei deem muss een dovun ausgoen, dass dat erëm muss nogebessert ginn."
Mee wat wier d’Alternativ? Eng Hausse vum reelle Pensiounsantrëttsalter? Och dorop ginn d’Zuele vun der IGSS Äntwerten. Op d’Fro vun der LSAP, wat eng Erhéijung dovun als Konsequenz hätt, huet d’Inspection générale de la sécurité sociale ausgerechent, datt déi aktiv Populatioun doduerch ëm ronn 10 Prozent géif eropgoen, an d’Zuel vun de Pensiounen entspriechend géif erofgoen.
Doduerch géifen d’Depensë bis 2070 ëm 1,2 Prozentpunkten zeréckgoen, déi vun de Recetten awer nëmmen 0,2 Prozentpunkten eropgoen. An deem Fall wieren d'Reserve schonn 2048 opgebraucht, also e puer Joer méi fréi wéi bei enger Cotisatiounserhéijung.