Als Deputéierte kann theoreetesch jidderee seng Propositiounen an d'Diskussioun ronderëm d'Pensiounsreform mat abréngen. Dat ënnersträicht de Gérard Schockmel am 100,7-Interview. An awer betount hien, datt keen esou richteg weess, wéi et virugeet. "Ech weess selwer net méi, wéi anerer."
Sozialronn 2.0: "Kee weess, wat dobäi erauskënnt"
Nom Etat de la Nation gouf genee dëse Manktem un Informatioune staark kritiséiert. Deemools hat de Premier Luc Frieden eng Rei Annoncen a senger Ried gemaach an domadder de Koalitiounspartner DP kal erwëscht. D'Situatioun elo wier awer net mat där vun deemools ze vergläichen, seet de Gérard Schockmel. Deemools hätt een och keng Ried missen halen, wa virdru schonn alles gewosst gewiescht wier, mengt den DP-Politiker.
Mee och bei de Sozialpartner géing dem Gérard Schockmel no keen esou richteg wëssen, wat an engem Mount bei der zweeter Oplag vun der Sozialronn erauskomme wäert.
"Bësse speziell" fënnt de Gérard Schockmel et iwwerdeems, datt d'Deputéiert net aktiv an d'Diskussioun mat agebonne ginn.
De Verglach mat 2012
Seng Partei hätt sech 2013 schonn eng Positioun a Saache Pensiounsreform ginn. Deemools hätt een och géint d’Reform vun 2012 gestëmmt. Déi war op 40 Joer ausgeriicht. Et wier ee mol nach net an der Hallschent elo, a scho wier en Defizit fir dat nächst Joer ugesot, betount den DP-Deputéierte Schockmel.
Déi Reform vun deemools ass also net wäit genuch gaangen. Dat, wat een allerdéngs bis elo aus de Gespréicher eraushéiere konnt weist drop hin, datt déi nei Reform och net därmoosse wäit wäert goen. Ufanks sollt fir déi nächst 15 Joer eng Solutioun fonnt ginn, elo sti 5 Joer am Raum. De Gérard Schockmel betount och, datt duerch déi Kuerzfristegkeet d'Chance erhéicht gëtt, datt all eenzel Mesure am Laf vun de Joren nogebessert muss ginn.
D'Politik moosst sech awer ëmmer just um Machbaren. An de Luc Frieden géing mat Sozialpartner un engem Dësch setzen, déi "diametral konträr Erwaardungen a Fuerderungen hunn", esou de geléierten Dokter. Tëschent deene Positioune misst ee vermëttelen. Trotzdeem geet de Gérard Schockmel dovun aus, datt d'Diskussioune ronderëm den Dossier Pensiounen nach mëttel- a laangfristeg wäerte virugoen.
Wäert d'DP dann e Kompromëss an der Chamber matdroen? Et misst ee kucken, wat schlussendlech bei der Reform erauskéim, ënnersträicht de Gérard Schockmel. Kloer wier awer och: Et ginn net esou vill verschidde realistesch Pisten. Déi Pisten, déi evoquéiert ginn, wieren och ëmmer déi selwecht.
De reale Rentenuntrëttsalter un de legale vu 65 Joer unzepassen, dat wier och 2012 scho probéiert ginn. Deemools huet d’Politik allerdéngs op d'Fräiwëllegkeet gesat, an dat huet net gegraff. Esouguer mat zousätzleche finanziellen Ureizer wieren nëmmen déi mannst bereet gewiescht, méi laang schaffen ze goe wéi néideg.
Situatioun bei der CNS: "Et muss een oppassen"
Finanziell Problemer ginn et och bei der Gesondheetskeess. Den CNS-Direkter huet déi finanziell Lag rezent als ganz alarmant beschriwwen. Zu Lëtzebuerg ass d'Liewenserwaardung geklommen an dat huet Konsequenzen: D'Pensioune gi méi laang ausbezuelt, d'Gesondheetsservicer gi méi beusprocht, an da kënnt nach d'Assurance dépendance dobäi. Hei misst een oppassen, esou de Gérard Schockmel, wann elo och bei der Krankekeess d'Cotisatiounen erhéicht solle ginn.
"Wann ee seet, dat muss iwwerall gemaach ginn, muss een trotzdeem oppassen, datt dat mateneen ofgestëmmt gëtt. D’Cotisatiounen erhéijen heescht fir deen, dee schafft, datt manner Netto erausspréngt."
Et misst een also virsiichteg virgoen a kucken, alles mateneen ze vereinbaren, esou de Gérard Schockmel. Et géing awer an enger éischter Phas schonn hëllefen ze wëssen, wat bei de Pensiounen erauskënnt.