Mat dësem Bréif, deen RTL verëffentlecht huet, äntwert de Premier Luc Frieden de Presidente vun OGBL an LCGB op hirt Schreiwes vum 23. Mee. Doran haten d’Nora Back an de Patrick Dury de Regierungschef informéiert, datt si just nach an enger nationaler Tripartite wéilten diskutéieren, fir zu engem globale Konsens ze kommen, zu deem och d’Pensiounsreform gehéiere soll.
D’Regierug géif dës Entscheedung bedaueren, huet de Luc Frieden a sengem Bréif vun dësem Méindeg geschriwwen. D’Regierung géif hoffen, datt d’Absence vun de Gewerkschaften nëmmen temporär ass.
Pensiounsreform a besser strukturéierte Sozialdialog
An enger éischter Phas wëllt d’Regierung den 9. Juli iwwer d’Theema Pensiounsreform diskutéieren, heescht et. Donieft plangt d’Regierung de Sozialdialog besser strukturéieren.
Net gewosst ass fir de Moment, ob OGBL an LCGB bei der Reunioun den 9. Juli am Staatsministère wäerten dobäi sinn.